Police-Musée: eng definitiv Léisung muss sinn

De Police-Musée ass intressant, léierräich a gëtt e gudden Androck vun der Entwécklung vum Land.  Allerdéngs war hien a baufällege Garagen um Verluerekascht, ier en elo fir e puer Joer eng nei Plaz zu Capellen fonnt huet. De Fernand Kartheiser an de Fred Keup froen no. Hinne schwieft eng Plaz fir, wou d’uniforméiert Corpsen Plaz hätten, hir Geschicht duerzestellen an och Gefierer a méi grouss Exponaten ze weisen. 

 

Fro

De Police-Musée ass elo an engem neie Provisorium zu Capellen ënnerkomm (Artikel am „Quotidien“ vum 20. September), nodeems seng al Plaz um Verluerekascht jo wéinst Baufällegkeet vum Gebai huet missen zougemaach ginn. Et kann ee begréissen, datt dat intressant an historesch wäertvollt Ausstellungsmaterial elo nees dem Publikum zougänglech ass, mee et stelle sech awer nach eng Rëtsch Froen:

  1. Kënnt Dir confirméieren, datt de Site zu Capellen nëmme fir 5 Joer virgesinn ass?
  2. Denkt d’Regierung un eng permanent Solutioun, wou eventuell och d’Besoine vun aneren uniforméierte Corpsen (Arméi, Douane, Rettungsdéngscht, Fierschter, Post …) kéinte mat berécksiichtegt ginn?
  3. Nieft den Uniforme sinn ee vun deene visibelsten Deeler vun der Aarbecht d’Gefierer vun dësen Corpsen. Et wär sécher intressant, esou vill wéi méiglech vun deenen an hirer zäitlecher Evolutioun ze presentéieren. Ass dodru geduecht?
  4. Am Fall wou, ass d’Regierung bereet, d’raimlech Ufuerderunge fir d’Ausstellung vu Gefierer mat ze berécksiichtegen an och de Käschtepunkt, deen et géing bedeiten, esou Gefierer ze fannen, ze kafen an ze erhalen, ze budgetiséieren?
  5. Wéi eng Plaze géingen a Fro komme fir esou e Musée? Huet d’Regierung scho Sitten envisagéiert? Wär et méiglech op Plazen wéi dem Fonds de Gras oder bei aneren, schonn existente musealen Infrastrukturen e Musée fir déi uniforméiert Corpsen ze schafen?

Äntwert

Deel dëse Post: