D’Regierung huet dofir gesuergt, datt d’Police en neien “Look” kritt. Allerdéngs fält op, datt de Logo den Zousaz “grand-ducale” guer net méi huet. Wat awer ass de Sënn dovunner? An ass dat iwwerhaapt kompatibel mam Gesetz vum 31. Mee 1999? Dës an nach weider Froen huet den Deputéierte Fernand Kartheiser un de Minister fir bannenzeg Sécherheet geriicht.