Pläng fir neie CIS Findel

Am neien «Plan national d’organisation des secours» (PNOS), dee viru Kuerzem vum Ministerrot approuvéiert gouf, liest een, datt den «Centre d’intervention et de secours» (CIS) vum Lëtzebuerger Flughafen, deen dem CGDIS ugeschloss ass, net konform zu de Recommandatioune vun der ICAO (International Civil Aviation Organisation) a vun der Europäescher Agentur fir Fluchsécherheet ass. Wéi eng Implicatiounen huet dat op d’Fluchsécherheet an op d’Reputatioun vu Luxairport?

 

Deel dëse Post: