PL 6680: d’Rekursrecht muss erhale bleiwen (VIDEO)

En Dënschdeg, de 4. November 2014, huet de Roy Reding alles probéiert, fir am Kader vun der Gesetzprojet 6680 en elementare Prinzip vum Rechtsstat ze erhalen: d’Rekursrecht. Bei der Sturheet vun der Gambia-Regierung war awer all Méi ëmsoss.

Wëll Lëtzebuerg vun enger Ënnerorganisatioun vun der OECD, dem „Forum mondial“, op eng gro oder schwaarz Lëscht gesat ginn ass, huet d’DP-LSAP-Gréng Regierung de Gesetzprojet 6680 an d’Chamber bruecht. Mam Vote vum dësem Projet musse Banken, Affekoten, Notairen, Expert-Comptablen an aner „détenteurs d’Information“ Renseignementer eraus ginn, wann eng auslännesch Steierverwaltung dëst freet, an zwar ouni däerfen dem Client Bescheed ze soen an, eigentlech ondenkbar an engem Rechtsstat, ouni dofir Recours kënnen anzeleeën.

Et ass der ADR ze verdanken, datt de Barreau, deen all Affekoten zu Lëtzebuerg vertrëtt, esou ze soen a leschter Minutt nach en Avis ofginn huet, wou d’ofschafe vum Rekursrecht ganz staark kritizéiert gëtt. Mä och dësen Avis huet d’Gambia-Regierung net verhënnert, eigentlech e Putsch géint de Rechtsstat ze lancéieren!

Den ADR-Deputéierte Roy Reding huet nach eng Kéier drop higewisen, datt de Projet 6680 géint d’Artikele 6 an 13 vun der europäescher Mënscherechtskonventioun verstéisst, déi de „procès équitable“ an de „droit de recours effectif“ vun de Memberstate verlaangt.

De Roy Reding huet de Finanzminister Pierre Gramegna op seng politesch Responsabilitéit higewisen: sollt de Lëtzebuerger Staat verklot ginn, vun de Geriichter um Kierchbierg oder zu Stroossbuerg, da muss de Minister säin Hutt huelen!

Trotz dëse ganz grave rechtleche Bedenken, huet um Enn nëmmen d’ADR an Déi Lénk an der Chamber géint dëse Projet gestëmmt!

Deel dëse Post: