“PIB du bien-être” fir méi Realismus a méi qualitative Wuesstem!

Fräi Politesch Tribün, vum 27.Januar op RTL, mam Dan Hardy, politesche Beroder. (Audio: 02’35”)

Wann ee sech reng op de PIB pro Awunner bezitt ass Lëtzebuerg, an alle Klassementer déi et esou gëtt, ënnert deene räichste Länner vun der Welt.Dobäi ass awer de Wuesstem vum PIB d’Wuerzel vun alle Problemer mat deene Lëtzebuerg konfrontéiert ass, wéi d’Wunnengsnout, d’Mobilitéit, d’Integratioun an déi ëmmer méi schwiereg Situatioun an de Schoulen. De Wuesstem bedäit also sécher net automatesch Fortschrëtt, Wuelstand a Liewensqualitéit. Am Géigendeel, et muss ee bedenken, datt den Aarmutsrisiko mëttlerweil bei bal 20% läit hei am Land. De PIB du Bien-Être moosst aner Volete wéi de klassesche PIB, dee nëmme reng Wirtschaftszuele kuckt. Beim PIB du bien-être ginn dogéint  wirtschaftlech, sozial an ecologesch Kritären ënnert d’Lupp geholl. Sou datt dëse PIB e vill méi realistescht Bild vun der Situatioun vun de Mënschen hei am Land zeechent.Bei deenen iwwer 60 Kritären déi analyséiert ginn ass et fir d’ADR héich Zäit fir méi staark no de soziale Kritären ze kucken. Wichteg Indikateuren sinn dobäi och déi ob eng Famill nach genuch Zäit fir sech huet fir iwwerhapt kënnen eng Famill ze sinn oder ob een sech Vakanz a Kino nach leeschte kann an ob d’Kanner un alle Schoulaktivitéiten déi bezuelt musse ginn kënnen deelhuelen. Wat Fräizäit a Soziales ugeet, musse Froen wéi dës gestallt ginn, d‘Nohaltegkeet definéiert sech jo  als gläichzeiteg Berücksichtegung vu soziale, wirtschaftlechen an ekologeschen Ziler. D’Gefor vun sou engem Mix aus Kritären ass, genee wéi beim PIB Bien-être och, datt d’Balance verluer geet. Am Rapport vum STATEC vun 2017 iwwert de PIBien-Être  ass ganz kloer , datt déi ekologesch Kritären, an dësem Mix, e ganz groussen Afloss hunn. An do fällt op datt 2017 sozial Kritèren wéi Gesondheet, perséinlech Sécherheet, de Logement an d’Vertrauen an de Staat kloer am Minus sinn. Wa mer op de PIB-Pro-Kapp zeréckkommen ass et fir eent vun deene räichste Länner vun der Welt ee Skandal datt mir nach ëmmer déi bekannte sozial Schwaachstellen an eiser Gesellschaft hunn. Déi erklären och datt mir am europäesche Verglach am Kader vum Wuelbefanne  nëmme Mëttelmooss sinn. Fir eis gëlt et elo déi sozial Problemer no a no aus der Welt ze schaafen. A wann da beim ecologesche Volet muss agespuert ginn, deen an der PIBien-être Rechnung esou staark an d’Gewiicht fällt, da muss dat gemaach ginn. D’Zuel vun de Kläeranlagen ass zum Beispill keen entscheedende Kritär wann et ëm d’Wuelbefannen an d’Liewensqualitéit vun de Mënsche geet.

Deel dëse Post: