“Phishing”-Attacke géint Bank- a Post-Clienten

Zu de rezente Phishing-Attacke géint Post- a Bank-Clienten huet de Roy Reding eng Rei Froen un d’Regierung.

Fro:

Et ass mir zu Ouere komm (*), datt et an de leschten Deeg eng extreem héich Unzuel u ganz sophistiquéierten „ Physhing“-Attacke gouf. D’Verbraucher goufen heibäi – deels mat enger Ofsenderadress, déi „richteg“ war, deels mat Uriff iwwert Telefonsnummeren, déi effektiv deenen entspriechenden Institutioune gehéieren – kontaktéiert. Besonnesch betraff ware mengen Informatiounen no LUXTRUST, BCEE, BIL a POST.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Regierung:

  • Huet d’Madamm Finanzminister Kenntnes iwwert d’Schied, déi duerch dës Attacke bei Bankclienten entstane sinn? Handelt et sech, wéi een héiert, ëm substantiell Zommen, déi hei detournéiert goufen?
  • Huet d’Post als „provider“ vun @pt.lu-Adresse Kenntnes vun dëse Mëssbräich? Wat ënnerhëlt d’Post, fir esou Attacken ze ënnerbannen? Wéi vill Schued ass Post-Clienten duerch dës Attacken entstanen?
  • Huet d’Police Kenntnes iwwert dës Welle vu Phishing, a wat ass geplangt, fir dogéint virzegoen? Ginn et Erkenntnesser, vu wéi enge Länner dës Attacken ausginn?

(*) net nëmmen duerch entspriechend Posten op Facebook, mee och duerch d‘Cofibu-Reunioun mat der Commission de surveillance du secteur financier, de 27.1.2023.

 

Deel dëse Post: