Pétition publique: Géint den Tram a fir d’Ofhale vun engem Referendum

Leeft vum 14. 4. – 26. 5. 2014

Wéi kann ee signéieren? De Problem ass wuel, datt déi meescht Leit scho vun der “pétition publique” héiren hunn, awer net wësse, wou se déi Pétitioun um Internet siche goe sollen, an evtl. eng “Schwellenangscht” virun der Navigatioun am Menu kréie kënnen. Dofir hei: Punkt fir Punkt, wéi een duerchkënnt.

1. www.chd.lu opruffen

2. Menupunkt: “Actualité” uklicken da zimmlech ënnen op der Säit klicken: “Pour signer la pétition“da   ODER  Travail à la Chambre (Uewen), da Pétitions (Lénk Kolonne)

3. Wielen “Pétition publique 333” Géint den Tram a fir d’Ofhale vun engem Referendum”

4. Données personnelles aginn: nom, prénom, lieu de naissance, date de naissance (mat Pfeiler wielen, gëtt am Format “jj – mm – année” affichéiert), rue, localité, pays de résidence, adresse e-mail (wéinst Pkt. 9).

5. Normalerweis ginn an der Pétitiounslëscht: nom, prénom, localité a code postal publizéiert. Wann Dir awer wëllt, datt op där Plaz “coordonnées non publiées” stoe sollt, da markéiert déi Case wou steet: “vous pouvez choisir de masquer ces données”.

6. Case markéieren: “j’accepte les conditions générales de la pétition publique“.

7. mot de vérification antippen! Steet niewendrunn.

8. “signer la pétition” uklicken. Formulaire zou maachen!

9. Kuerz duerno bied de “contrôle de validité” (elektronesch) Iech ëm Bestätegung iwwer déi ënner Pkt. 4  uginn e-mail-Addresse. Bestätegen! D’Prozedur ass ofgeschloss.

11. Dir kënnt an der Petitiounslëscht kontrolléiren, ob Ären Numm opdaucht. Kann e bësschen daueren. Natierlech nëmmen, wann Dir ënner Punkt 5 net d’Case markéiert hutt, datt Dir anonym bleiwe wëllt.

Deel dëse Post: