PESCO: militäresch Chance fir Lëtzebuerg?

De Fernand Kartheiser verlaangt an enger parlamentarescher Fro Detailer iwwert d’Lëtzebuerger Mataarbecht a militäreschen Entwécklungsprogrammer, am PESCO-Programm vun der EU, fir genee ze sinn. Hei geet et dem ADR-Deputéierten ëm méiglech wëssenschaftlech a wirtschaftlech Auswierkunge vun dësem Programm an ëm d’Lëscht vu de Projeten un deene Lëtzebuerg matschafft. Am Beräich vun der Fuerschung a vun der Wirtschaft huet Lëtzebuerg nämlech hei eng Rëtsch Méiglechkeete fir eegene Knowhow anzebréngen an dovun ze profitéieren.

Deel dëse Post: