Perspektiv fir ethnesch Minoritéiten an der Ukrain?

Am Krich an der Ukrain geroden ukrainesch Bierger russescher Ofstamung tëschent d’Fronten. Dem Regime zu Kiew schéngen si beschtefalls egal ze sinn. Wéi wäit notzt d’Lëtzebuerger Regierung hir diplomatesch Méiglechkeeten, fir hei op eng Verséinung hinzeschaffen?

Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser:

Här President,

Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bausseminister weiderzeleeden.

Déi Lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt bekannterweis déi aktuell Regierung zu Kiew am Konflikt mat der Russescher Federatioun. Wat déi konkret Krichsziler ugeet, hat d’Regierung mir am Juli 2022 op déi parlamentaresch Fro Nummer 6384 dëst geäntwert:

Ënnerstëtzt déi Lëtzebuerger Regierung eng militäresch Zeréckeruewerung vun der Krim duerch d’Ukrain? Wa jo, wéi eng Risike gesäit si bei sou enger Politik?

Zesumme mat 140 anere Memberen vun der UNO-Vollversammlung huet Lëtzebuerg d’Resolutioun ES-11/1 gestëmmt, déi Russland dozou opfuerdert d‘territorial Integritéit vun der Ukrain ze respektéieren an sech direkt, komplett an bedéngungslos aus dem Territoire vun der Ukrain, an sengen international unerkannten Grenzen, zeréckzezéien.“

D’Regierung weess, datt an deene vun hir beschriwwene Grenze vun der Ukrain eng grouss Zuel vu Leit liewen déi sech als Russen oder op d’mannst als ethnesch Russe consideréieren. Och gëtt et vill Leit an der Ukrain déi sech als russophon Ukrainer verstinn. An dem Kontext stelle sech also Froen iwwer de Statutt vun deene Leit an hire Rechter am Fall wou déi Regierung zu Kiew effektiv sollt d’Kontroll iwwer den Territoire zeréck gewannen, den d’Regierung an hirer Äntwert vum Juli beschriwwen hat.

Bei hirem Besuch an der Chamber den 3. Juni 2022 hat déi ukrainesch Vize-Premierministesch, d’Madamm Dzhaparova, z.B. eng Reconciliatioun explizit ausgeschloss („No reconciliation“).

An engem Artikel am franséische „Figaro“ vum 4. Januar 2023 („Comment Kiev prépare d’ores et déjà la réintégration de la Crimée ») gëtt beschriwwen, wéi d’Krim soll progressiv « derussifizéiert » ginn an datt déi russesch Sprooch  soll verschwannen  („ après une période de transition où la langue russe continuera d’être utilisée »). Et stellt sech also d’Fro wat mat deene russeschen oder russeschsproochege Populatiounen an der Ukrain an och op der Krim kéint oder sollt geschéien, am Fall wou d’Ukrain de Krich sollt gewannen an d’Kontroll iwwer den Territoire an de Grenze vun 1991 sollt zeréck kréien.

      An dem Kontext wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  • Ass d’Regierung der Meenung, datt déi russeschsproocheg Leit an der Ukrain – an deenen „international unerkannte Grenzen“ (cf. Äntwert op déi uewen ernimmte parlamentaresch Fro) – e Recht op e Schutz als Minoritéit hunn, z.B. a Konformitéit oder an Analogie  mat esou Reegelungen am Kontext vum Europarot, an datt och de Gebrauch vun der russescher Sprooch (z.B.  als regional Sprooch) an d’Fleeg vun der russescher Kultur musse protegéiert ginn?
  • Wa jo, ass déi Lëtzebuerger Regierung bereet géintiwwer den Autoritéite vun der Ukrain dofir anzetrieden, datt – am Fall wou d’Ukrain de Krich sollt gewannen-  eng national Reconciliatioun néideg ass, an datt déi russeschsproocheg Leit an der Ukrain Rechter als national Minoritéit mussen hunn, déi och de Schutz vun der russescher Sprooch a Kultur musse mat abezéien?
  • Ass déi Lëtzebuerger Regierung bereet fir géintiwwer den Autoritéite vun der Ukrain ewéi och an europäeschen an internationale Gremien dofir anzetrieden, datt all Form vu Revanche géintiwwer russeschsproochege Leit oder esou guer enger ethnescher „Réngegung“ an der Ukrain ausgeschloss ass?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéieren

D’Äntwert vun der Regierung:

Lëtzebuerg, wat selwer ee multikulturellt a villsproochegt Land ass, setzt sech prinzipiell fir de Respekt an de Schutz vu Minoritéiten, inklusiv sproochlech Minoritéiten, an. Lëtzebuerg ënnerstëtzt d’Ukrain dobäi, all relevant Konventioune vum Europarot, inklusiv d’Europäesch Charta vun de Regionalen- oder Minoritéitesproochen, ëmzesetzen an déi pertinent Avisen vun der Venedeg-Kommissioun souwuel wéi d’Recommandatiounen vum Comité vun de Ministere vum Europarot ze berécksiichtegen.

De Schutz vun nationale Minoritéite gehéiert och zu de Konditiounen, déi am Kader vum Unerkenne vum Status vum Kandidat fir den EU-Bäitrëtt, op Basis vun engem Avis vun der Europäescher Kommissioun, ervirgestrach goufen.

Deel dëse Post: