Personalmangel an Alters- a Fleegeheemer?

Et héiert ee vu ville Säiten, datt an den Alters- a Fleegeheemer e grousse Personalmangel ze verzeechnen ass. Dëst féiert dozou, dass virun allem déi méi gebriechlech Leit sech dacks verletzten, z.B. doduerch, datt se falen. Dacks mussen d’Bewunner dann an eng Urgence transferéiert ginn, wou si zudeem mat laange Waardezäite konfrontéiert sinn. An enger parlamentarescher Fro wëll de Süd-Deputéierte Fred Keup gewuer ginn, wéi eescht d’Situatioun um Terrain ass.

Deel dëse Post: