Péitenger Gemengerot: Vu Verwaltungsethik, Professionalismus a Respekt…

De 26. Februar huet den ADR-Gemengeconseiller Joe Thein dës Ried an der Sëtzung vum Péitenger Gemengerot gehalen. 

Här Buergermeeschter, Dir Dammen, Dir Hären,

Skandal. Neen, et geet net ëm den Number One Hit „Skandal im Sperrbezirk“, mä et geet ëm den hausgemaachte Skandal zu Péiteng !

De Punkt 12 vum Ordre du Jour vun haut steet ënnert dem Titel « Gemengerotsinterna », mä fir richteg schwätze mir haut vu « propperer Politik »; propper, wat d’Credibilitéit vun der Verwaltungsethik ugeet; propper, wat d’Vertrauen an d‘Kompetenz an ons chargéierte Leit souwéi an d‘Gemengepolitik ugeet; a propper och, wat de Respekt virun der Aarbecht vun enger gewieltener Oppositiounspartei ugeet. D’ADR ass géint eng politesch Tabuiséierung – egal ëm wat et geet, an dofir steet dëse Punkt och zur Diskussioun. Dee Feeler, dee geschitt ass, ass eng kruzial an déif Blessur an d’Vertraue vum Gemengen- a Schäfferot, an d’ADR wëll net, datt d’Péitenger Gemengepolitik an der Ëffentlechkeet degradéiert gëtt!

Alles huet ugefaange mat eiser hondsgewéinlecher Gemengefro zum Péiteng Aktuell. Apaart zu dëser Fro, ass dunn awer eppes ganz anescht un d’Dagesliicht koum, an dofir wëll ech een Extrait aus eisem leschte Bréif vum 27. Januar nach eemol als Resumé zitéieren;

„D’ADR huet dem Schäfferot den 28. Dezember 2012 eng „Question Communale“ iwwermëttelt, an där mir verschidde Froen zum „Péiteng Aktuell“ gestallt hunn – dëst aus Onzefriddenheet mat der leschter Editioun, N°101. Dës Fro war vum Schäfferot an enger grousser Äntwert den 8. Januar 2013 beäntwert ginn. Mir wëssen, datt d’Question Communale tëscht dem 28. Dezember 2012 an dem 8. Januar 2013 an den Hänn vum Sekretariat an dem Schäfferot gewiescht ass. Ech hat a menger Fonctioun als Conseiller iwwert de Verbleif vu menge Froen nogefrot. Mir goufen dunn als Partei iwwerrascht iwwert eng Noriicht vum 6. Januar 2013, also nach während dës Fro ënner Confidentialitéit stoung, déi kloer iwwert den Inhalt vun eiser Fro Bescheed wousst. Doduerch, datt déi concernéiert Persoun a kenger direkter Relatioun mat der Gemeng steet, hu mir festgestallt, datt do d’Credibilitéit an d’Aarbecht vum Schäfferot net méi ganz de Normen entsprécht.“

Mir hunn also ganz kloer eng Lück am System, respektiv bewosst Tréckserei géint d’Oppositioun. Mir wëlle kengem eppes ënnerstellen oder ee Mësstrauensvote erbäiféieren, mä mir halen eis dat Recht awer vir, fir haut déi néideg Erklärungen ze kréien, ëmmerhi berufft dir Iech jo grondsätzlech op de Codex vun der politescher Korrektness!

1.       Wéi ass et méiglech, datt e confidentielle Bréif, deen a Charge wor, dem Public schonns bekannt wor?

2.       Wie konnt Ableck an dëse Bréif kréien, respektiv war mat dësem Bréif alles chargéiert?

3.       Wisou gëtt de Secret professionell net applizéiert?

4.       Wéi agéiert de Schäfferot géint Vir- oder Nodeelsverschafung vun Informatiounen, respektiv Interna un d’Adress vun de Parteien an definéiert selwer politesch Fairness?

5.       Wat huet de Schäfferot domat ze dinn, an distanzéiert sech dësen, vun deem, wat geschitt ass?

6.       Wéi kann den demokratesche System, hir Struktur an d’Bürokratie verbessert ginn?

7.       Wéi gesäit d’Konsequenz an där Affaire aus?

Joe Thein

ADR – Gemengeconseiller Péiteng

Deel dëse Post: