Peinlech Deklaratioun vum ieweschten EU-Diplomat!

Obwuel d’EU iwwert keng eegen Arméi verfüügt, huet den EU-Baussebeoptragte Joseph Borrell annoncéiert, datt Bréissel d’Streitkräfte vun der russescher Federatioun géif vernichten, falls dës Atomwaffen an der Ukrain asetzen. Eng Kompetenziwwerschreidung an en diplomateschen Ausfall, wéi een se als Lëtzebuerger duerch den Här Asselborn leider scho méi wéi gewinnt ass, mee deen hei nach eng ganz aner Dimensioun kritt. Wat seet d’Regierung dozou?

Fro

Bei engem Optrëtt virun der “European Diplomatic Academy” huet den EU-Baussebeoptragte Joseph Borrell annoncéiert, datt d’EU d’Arméi vun der Russescher Federatioun am Fall vun engem Atomugrëff an der Ukrain géif “vernichten”. Dës Deklaratioun riskéiert ëmsou méi als lächerlech empfonnt ze ginn, well d’EU iwwer esou gutt ewéi keng eege militäresch Mëttele verfüügt.

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Regierung hir Positioun zu dësen Aussoe vum Här Borrell elaboréieren? Ass d’Regierung der Opfaassung, datt et ubruecht ass an dëser Situatioun de Konflikt weider verbal ze eskaléieren?
  • Kann d’Regierung an deem Zesummenhang preziséieren ënnert wéi enger Kompetenz den Här Borrell dës militäresch Moossnam annoncéiert huet an ob hien d’Grenze vu sengem Mandat hei méiglecherweis iwwerschratt huet?
  • Wéi eng Konsequenzen zitt d’Regierung aus dëser Deklaratioun vum Här Borrell? Wär et net opportun hien a senger Funktioun ofzeléisen?

 

Deel dëse Post: