PCR-Test: Grondlag fir d’Fallzuele vun Experte kritiséiert!

D’PCR-Tester nom Corman-Drosten-Pobeier sinn d’Grondlag fir d’Covid-19-Fallzuelen an domat och fir d’Moossnamen a Restriktiounen an deem Kontext. Den Notze vun de PCR-Tester am Kader vu Covid-19 ass ënnert de Wëssenschaftler awer staark ëmstridden a geréit ëmmer méi a seriö Kritik.

En internationale Konsortium vu Life-Science-Wëssenschaftler (ICSLS) mat 22 unerkannten an onofhängegen Experten huet de besote Pobeier Punkt fir Punkt nogepréift. Si sinn zum Schluss komm, datt d’Corman-Drosten-Publikatioun aus wëssenschaftlecher Siicht op kee Fall akzeptabel wier. Dëst begrënne d’Experten an engem detailléierte Rapport, an deem si, hirer Ënnersichung no, 10 fatal wëssenschaftlech Feeler a Mängel op molekularem a methodologeschem Niveau behandelen an dës ausféierlech erklären. Si weisen dobäi och op e puer gravéierend Interessekonflikter duerch d’Auteure vun der Publikatioun hin.

An deem Kontext stellt de Jeff Engelen eng parlamentaresch Fro un d’Gesondheetsministesch. Hie wëllt wëssen, ob der Regierung dëse Rapport bekannt ass a wéi si sech dozou positionéiert. Ass dëst, nieft all deene bestoenden a sech heefende Kriticken duerch Wëssenschaftler, Grond genuch, fir datt d’Regierung hir Teststrategie iwwerdenkt?

 

Deel dëse Post: