Parteipresident Jean Schoos am RTL-Kloertext

De Parteipresident Dr Jean Schoos war Invité am Kloertext, dat zesumme mat de Vertrieder vun alle Parteien déi an der Chamber vertruede sinn. Thema waren an der Haaptsaach d’Resultater vum leschten TNS/ILRES Politbarometer. Wat dat negatiivt Ofschneide vun der Familljeministesch Corinne Cahen ugeet, esou huet de Jean Schoos dat virun allem op déi schlecht Covid-Gestioun an den Alters- a Fleegeheemer zréckgefouert. Hei fäert den Dokter Schoos datt am Kader vun der Boosterimpfung nachmol déi nämmlecht Feeler gemaach gi wéi z’Joert am Kontext vun deenen éischte Covid-Impfungen. Kritik och un der Regierung, déi géif reegelméisseg Impf-Zuele präsentéieren déi d’Leit am Land duerchernee maachen, dat well all Kéier eng aner Basis geholl gëtt. Eemol ass et zum Beispill den Taux vun der Gesamtpopulatioun an dann erëm déi iwwer 18 Järeg, esou kéint een sech keen zouverlässegt Bild iwwer d’Impfsituatioun am Land maachen. Wat de Verfassung ugeet, esou refuséiert de Parteipresident datt d’ADR als Stoussnéckel muss duerhale wann et heescht datt si Falschinformatiounen iwwer d’Verfassungsreform verbreet. Der ADR geet et virop em de Verfassungs-Referendum deen dem Vollek vu Blo-Rout-Gréng an der CSV versprach gi war.

Deel dëse Post: