Historesches

D’Ongerechtechkeeten am Rentesystem stinn um Ufank vun der ADR. Den 12. Mee 1987 gëtt den “Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddfereen” gegrënnt. Zwee Joer méi spéit, den 18. Juni 1989, ginn direkt 4 Membere vum Aktiounskomitee an d’Chamber gewielt. Déi dräi Buschtawen ADR hëlt de Komitee den 22. November 1992, wéi en zum “Aktiounskommitee fir Demokratie a Rentegerechtechkeet” gëtt. Héichpunkt vun den éischten 12 Joer ass am Juni 1999, wéi 7 Kandidate vun der ADR an d’Chamber kommen.

E weideren Héichpunkt ass am Juli 2001, wéi d’ADR d’Resultater vum “Rentendësch” als e politesche Succès verbuche kann. Mat de Chamberwalen 2004 verléiert d’ADR zwee Mandater. Nodeems ee vun hiren Deputéierten dunn och nach d’Reie vun der Partei verléisst, verléiert d’ADR hire Fraktiounsstatus. Et ass Zäit fir en neien Ufank. Dee kënnt 2006, wéi d’ADR hiren Numm op en Neits ännert an no 19 Joer eng “richteg” Partei gëtt. Zënter dem Parteikongress vum 25. Mäerz 2012 ass de Fernand Kartheiser President an de Jean Schoos Generalsekretär vun der Alternativ Demokratescher Reformpartei.

Geschicht vun der ADR: eng Chronologie (Oktober 86 - Mäerz 12)

Vum Aktiounskommitee zur Partei - e Bäitrag vum Eierepresident Roby Mehlen

L'ADR : de la recherche de l'équité à la construction inachevée d'un mouvement conservateur et souverainiste - e Bäitrag vum Politolog Philippe Poirier (Uni Lëtzebuerg)