Parlamentaresch Rentrée: Ongefilterte Video vun der Pressekonferenz am Streaming!

Wëlle mer als Land den aktuelle Wuesstem bäibehalen oder net? Des Fro muss dréngend dem Vollek am Kader vun engem Referendum gestalt ginn! Wann d’Resultat bis feststeet, da féiert dat zu Lëtzebuerg zu enger richteger Debatt, bei deer déi politesch Parteie Faarf bekenne mussen. D’Wuesstemspolitik war den zentralen Thema op eiser Pressekonferenz am Kader vun der parlamentarescher Rentrée. Mir proposéieren Iech den integrale Video, ongeschnidden an a voller Längt, mat de Froe vun de Journalisten. Déi eenzel Interventioune vun eisen Deputéierten Gast Gibéryen, Fernand Kartheiser a Roy Reding reeche mer nach no! 

   

Deel dëse Post: