Parlamentaresch Rechter a Gefor, wichtegen Appell un de Chamberpresident!

De President muss parteineutral sinn an huet dofir ze suergen datt d’Parlament senger wichteger Kontrollfunktioun vun der Regierung, esou gutt wéi méiglech, nokomme kann! An hei geet et net, wéi vun der CSV duergestallt, reng em drénglech parlamentaresch Froen, ma em déi allgemeng Unerkennung vun all Fro déi en Oppositiouns-Deputéierten der Regierung stellt. D’ADR huet scho virun der CSV dorobber opmierksam gemaach datt parlamentaresch Froen, an der lescht, systematesch vum Chamberpresident zeréck gewise ginn.

 

Deel dëse Post: