Parlamentaresch Froen: Salz an der Zopp

D’ADR-Deputéierte ginn nët midd, a parlamentaresche Froen d’Ministere vun der Regierung direkt virun hir Verantwortung ze stellen a Sachverhalter opzeklären, déi fir d’Land wichteg sinn. Dës Froe musse vun de Regierungsmemberen, déi schliislech an enger Demokratie ënnert der Kontroll vun der Chamber stinn, bannent engem Mount beäntwert ginn, wat och meeschtens geschitt – kuckt emol einfach op d’Datume vu Fro an Äntwert. Trotzdem kann et kuerz viru Feierdeg zu engem Stau kommen, a mir sinn elo mat Äntwerte bombardéiert ginn, déi mer Iech net wëlle virenthalen.

De Gast Gibéryen hat esou no Renseignementer gefrot iwwer d’Busverbindung tëscht Iechternach a Lëtzebuerg, bei där et, Passagéier no, ëmmer nees total iwwerfëllte Gefierer gëtt.

De Roy Reding hat eng Fro gestallt iwwer eng Schüler-Demo bei där anscheinend weder d’Kanner nach d’Elteren richteg informéiert gewiescht wären, wat lass wär.

Eng aner Fro vum Roy Reding goung iwwer eng Annonce-Kampagne vum Chancegläichheetsministär. Déi Annonce, déi Männer als Afen weist an drop pocht, dat Fraen all méiglech Rechter musse kréien, déi se schonn hunn, war agesat ginn fir eng Frae-Quote op Wallëschten populär ze maachen. Och wann d’ADR bei de leschte Walen souwiesou déi Quote (40 Prozent Fraen op de Lëschten) erfëllt huet, huet dem Deputéierten d’Art a Weis net gefall, wéi déi Annonce publizéiert ginn ass, ir iwwer dat Gesetz geschwat ginn ass. E bësse gelungen ass och, datt d’Madame Minister fir Chancegläichheet a géint Diskriminatioun vun de Fraen antrëtt, awer näischt derbei fënnt, wa Männer ëffentlech mat Déiere gläichgesat ginn.

Zwou weider Froen ware vum Fernand Kartheiser. Eemol goung et ëm d’Persounekontrollen um Findel an d’Fro op eng Persoun mat enger Burka muss kontrolléiert ginn. Si muss bei der Kontroll hiert Gesiicht weisen, esou de Minister.

De Fernand Kartheiser wollt och wëssen, wéi vill Leit beim Lëtzebuerger Geheimdéngscht SREL schaffen. Et sinn der 60 a mat engem neie Gesetz ginn dës Effektiver ëm 25 Prozent opgestockt.

All parlamentaresch Froen vun Ären Deputéierte vun der ADR mat den Äntwerten fannt Dir mat engem kuerzen Artikel ënnert dem Reider “Parlamentaresch Froen” hei um Site.

Deel dëse Post: