[Parlamentaresch Froen] Nei Froen … an och Äntwerten op Sécherheetsfroen

Eis Deputéiert notzen all Méiglechkeeten, deen hiren demokratesch definéierte Rôle hinne léisst, fir sech ze informéieren an d’Aarbecht vun der Regierung ze kontrolléieren. Dofir sinn d’parlamentaresch Froe ganz wichteg, an all Deputéierten notzt dee Moyen fir eenzel Sachverhalter opzeklären. Esou huet de Fernand Kartheiser den 8. Januar 2015 zwou nei Froen un den Här Parlamentspresident adresséiert.

De Fernand Kartheiser mécht sech Suergen iwwert de Waffeschmuggel an Europa, grad am Kader vun der schrecklecher Aktualitéit vum Attentat zu Paräis. Dofir freet hie Präzisiounen iwwer dat, wat iwwer Waffenhandel a Waffeschmuggel an Europa oder an Zesummenhang mat Lëtzebuerg gewosst ass.

Hei ass de Wuertlaut vu senger Fro.

Och am Kontext vu Suergen iwwer d’Sécherheet zu Lëtzebuerg war eng Fro ze gesinn, déi sech mam Asaz vun Drohne fir kriminell oder terroristesch Zwecker befaasst huet. Dat, well a Frankräich eng ganz Rëtsch därer onbemannter, ferngesteierter Flugobjekter iwwer Atomzentrale gesi gi waren. D’Äntwert berouegt, well et zu Lëtzebuerg méiglech ass, esou Apparater iwwer ausgewisenen Zonen ze verbidden, an dat esou wuel geographesch wéi och punktuell fir besonnesch Evenementer. D’Äntwert weist awer och, wéi richteg a wichteg d’Fro war: Et gëtt an Europa an zu Lëtzebuerg aktuell un enger Gesetzgebung geschafft, déi speziell fir dës Drohne kann applizéiert ginn.

Hei dem Fernand Kartheiser seng Fro

an d’Äntwert, déi hien dorop krut.

De Fernand Kartheiser wëllt och nach wëssen, a wéi engem legale Kader e Schoulmeeschter oder eng Schoulmeeschtesch kënne Cadeauen akzeptéieren an op dat d’ganzt Joer de Fall ass.

Hei den Text vun dëser Fro.

 

Deel dëse Post: