[Parlamentaresch Fro] Wivill medizinesch Kontroll bei der Astellung?

Eng Fro iwwert d’medizinesch Kontroll bei der Astellung vun engem Salarié huet de Roy Reding de 25. November gestallt:

Wann e Patron e neien Salarié astellt, muss dee Betreffenden an e „contrôle médical d’embauche“. Dat muss bannent zwee Méint geschéien, an a speziellen Fäll, wou méi héich Aarbechtsrisiken sinn, esou guer virun der Astellung. Mir ass zu Oueren komm, dass et awer ganz laang daueren kann, bis dee neien Salarié e Reezen-vous beim Aarbechtsdokter vu sengem Secteur kritt.

Dofir wollt ech der Madame Gesondheetsministesch dës Froen stellen:

1) Wéi laang dauert et an der Moyenne tëscht der Demande an engem Rendez-vous. Gëtt et do sektoriell gravéierend Ënnerscheeder? Misst d‘Direction de la Santé net op eng méiglechst Gläichbehandlung vun de Salariéen an de Patronen iwwert d’Secteuren vun der Aarbechtsmedezin ewech halen, och wat dësen Kontrollrendezvous ugeet?

2) Kann e Patron dervun ausgoen, dass d’Aarbechtsmedezin den Délai vun zwee Méint respektéiert a säi Kandidat direkt schaffe loossen?

3) Goufen schonns Leit poursuivéiert wéinst Defaut vum contrôle médical?

4) Goufen et schonn Recoursen bei Aarbechtsaccidenter aus deem nämmlechten Grond?

5) Wann jo, goufe Problemer fir mat Zäit e Rendezvous fir d’Kontroll ze kréien als Excuse evoquéiert?

6) Wat gëtt iwwerhaapt kontrolléiert? Gëtt z.B. e Kandidat fir Chauffeur op Drogen an Alkoholsproblemer geadr?

7) Fir e potenzielle Salarié aus engem Net-EU-Land sinn nach wieder medizinesch Kontrollen verlaangt. Wär et net sënnvoll, méi einfach a méi bëlleg fir all dës Tester matenee vun deem nämmlechten Serviss maachen ze loossen?

8) Wat kascht de Service de Staat, a wéi schätzt Dir d‘Relatioun tëscht Käschten an Notzen an?

Deel dëse Post: