[Parlamentaresch Fro]: Wat zielt zur Entwécklungszesummenaarbecht

Den 3. November huet de Fernand Kartheiser dës Fro gestallt:

Wéi allgemeng bekannt ass, gëtt Lëtzebuerg zënter Joren ëm ongeféier 1 % vu sengem Bruttonationalakommes fir Entwécklungszesummenaarbecht aus. Dobäi gëtt traditionell dorop uecht gedinn, datt déi lëtzebuergesch Hëllef net gebonnen ass.
An dem Zesummenhank wéilt ech dës Froen un den zoustännege Minister stellen:
1. Wéi ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung iwwer gebonnen Hëllef, respektiv e Retour vun der Hëllef am Kader vun der Entwécklungszesummenaarbecht fir lëtzebuergesch Betriber ?
2. An dem sougenannten « Zukunftspak » betreffen e puer Moossnamen och d’Cooperatioun, besonnesch d’Moossnamen 28 bis 31. Wéi en Impakt hunn déi Moossnamen op dee Prozentsaz vum Bruttonationalakommes (BNA)?Sinn déi Moossnamen virdrun mam « Cercle des ONG » diskutéiert ginn ? Firwat goufen grad déi Moossnamen decidéiert ?

No de Regelen vum « Development Assistance Committee » (DAC) vun der OECD kënnen nach eng ganz Rei vun Ausgaben op Entwécklungszesummenaarbecht ugerechent ginn, déi hei am Land awer net an dem enge Prozent vum BNA berücksichtegt (mat agerechent) ginn. Wéi héich wär de Prozentsaz vun eiser Entwécklungszesummenaarbecht am Verhältnes zum BNA wann all déi Posten géinge komplett mat berücksichtegt ginn, a besonnesch déi hei (Auszuch aus dem Katalog vun den urechenbaren Depensen vum DAC) : « Bourses et coûts étudiants dans les pays donneurs; allègement de la dette; réfugiés dans les pays donneurs; réforme et gestion des systèmes de sécurité; consolidation de la paix civile, prévention et résolution des conflits; consolidation de la paix post-conflit; réintégration et contrôle des armes légères; opération de déminage des sols; enfants soldats (prévention et démantèlement) »

Dovun sinn also ënner anerem eng Rei vun eisen OMPen (Opérations pour le maintien de la Paix) betraff, wéi och en Deel vun eisen Aktivitéiten am UNO-Sëcherheetsrot am Zësummenhank vun der Problematik vun de Kannerzaldoten. Och kënnen en Deel vun de Käschten fir Asylanten a Stodenten zu Lëtzebuerg op d’Entwécklungszësummenaarbecht ugerechent ginn. Dat gëtt iwwregens och sou vu villen anere Länner an der DAC gemaach.
3) Wéi héich ass also déi komplett lëtzebuergesch Entwécklungszesummenaarbecht (ënner Berécksichtegung vun allen DAC-Regelen) am Verhältnes zum BNA ?
4) Wéi eng vun deene virgenannten Depensen aus dem Katalog vum DAC gi vu Schweden, Norwegen, Dänemark an Holland mat an hire Prozentsaz vun der Entwécklungszesummenaarbecht am Verhältnis vum BNA mat agerechent ?

Deel dëse Post: