[Parlamentaresch Fro] Wat passéiert mam Dingo-Jeep vun der Arméi?

Den 21. November huet den Fernand Kartheiser dës parlamentaresch Fro gestallt, wat den
Ëmgang mat den Dingoen um Härebierg ugeet. Hei ass seng Fro:
Am Kader vun der Froestonn vum 19. November an der Chamber huet den Här Verdeedegungsminister zwou Affirmatiounen gemaach: Hien hätt weder den Transportfliger nach déi 48 Dingo-Jeepen fir d’Lëtzebuerger Arméi kaf mais misst elo dermat liewen. An deem Zesummenhang huet hien och erklärt, dass d’Dingoën kannibaliséiert ginn, well ënnert sengem Virgänger keng Ersatzdeeler matbestallt gi wären. Dofir wëllt ech dem Här Verdeedegungsminister dës Froen stellen:
1. Ass et richteg, dass verschidden Dingoën um Härebierg ausgeschluecht ginn, fir anerer vun deenen Gefierer mat Ersatzstécker ze versuergen?
2. Wéi vill vun deenen 48 ausgeliwwerten Dingoën sinn am Ament nach asazbereet? Wivill vun deenen Gefierer, déi net asazbereet sinn, sinn a Reparatur, wivill ginn fir Ersatzstécker gebraucht?
3. Wat ass d’duerchschnëttlech Bereetschaftszäit vun enger Maschinn, ier eng Maintenance fälleg ass? Wéi vill net geplangten Garage-Besich ausserhalb vu normalen Maintenance-Perioden gëtt et ze mellen?
4. Gëtt et keng Ersatzdeeler fir Dingoën nodréiglech ze kafen?
5. Ass et dem Minister senger Meenung no wirtschaftlech, relativ nei Gefierer ze kannibaliséieren, amplaz eng Maintenance mat Ersatzstécker ze maachen?

Hei d’Äntwert vum Minister.

Deel dëse Post: