[Parlamentaresch Fro] Wat maachen géint auslännesch Demonstranten zu Lëtzebuerg?

Den 19. November huet de Roy Reding dës Fro gestallt, nodeems Buralisten vu franséischen Tubaksbuttiker op der Aire de Berchem proadréiert haten:

Gëschter hunn eng honnert franséisch Tubakshändler (Buralisten) zu Lëtzebuerg op der Aire de Berchem eng Tankstell besat an de Verkaf am Geschäft fir eng hallef Stonn komplett blockéiert. Si wollten ënnert anerem géint déi ze héich Accisensteier a Frankräich demonstréieren.
An deem Kontext wollt ech dem Justizminister an dem Banneminister folgend Froen stellen:

1) Gëtt et eng Rechtsgrondlag, déi Auslänner erlaabt, hei am Land géint hier Regierung ze demonstréieren?

2) Gouf d‘Poliss bei dëser Aktioun ageschalt, a wa jo, wéi vill kascht hiren Asaz de Lëtzebuerger Steierzueler. Wa nee, firwat net?

3) Wat gedenkt d‘Regierung ze ënnerhuelen, fir esou Nuisancen an Zukunft ze verhënneren oder ze bestrofen?

 

Hei d’Äntwert vum Minister.

Deel dëse Post: