[Parlamentaresch Fro] Wat kascht de Lëtzebuerger Militärtransportfliger?

Eng Fro zum militäreschen Transportfliger A400M huet de Fernand Kartheiser den 20. November un den Arméiminister gestallt.
D’Problemer mam europäeschen Militärtransportfliger Airbus A400M sinn nach ëmmer net ausgestan, wéi een feststellt, wann een duerch d’international Press bliedert. Dofir wëllt ech dem Här Arméiminister folgend Froen stellen:

1) Wéi ass d’finanziell Entwécklung vun dësem Projet zënter 2011? Em wéi vill Prozent gouf den initialen Budget iwwerschratt? Wat fir Méi- oder eventuell Mannerkäschten sinn bis zur Ausliwwerung nach ze erwaarden?

2) Gëtt et eng koordinéiert Strategie vun der Belsch a vu Lëtzebuerg, fir op Grond vun de Retarden an den Ännerungen beim A400M-Programm manner fir d’Fligeren mussen ze bezuelen?

3) Sinn déi am Laf vum Projet opgetruede Mängel, déi jo besonnesch a Frankräich an an Däitschland kritiséiert gi sinn, alleguer zefriddestellend berengegt ginn?

4) Ginn d‘Transportfliger fir d’Belsch a fir Lëtzebuerg nach ëmmer mat allem militäreschem Equipement geliwwert, dat fir déi verschidden Zorten Asätz virgesin war?

5) Bleift et beim Ausliwwerungsdatum 2019 a kann een deen elo schonn méi genee definéieren?

6) Leeft den Ausbildungsprogramm fir Lëtzebuerger Piloten a Loadmasteren am Kader vun den Spuermoossnamen vun der Koalitioun definitiv aus oder kinnt e nach eemol prolongéiert ginn?

7) Muss de Lëtzebuerger Staat TVA fir de Fliger bezuelen, a wa jo, wivill an u wéi e Land?

8) Wann TVA misst un d’Belsch bezuelt ginn, geng den Lëtzebuerger Fliger eis da méi deier kaschten, wéi déi siwen aner d’Belsch, déi jo hir TVA an déi eegen Staatskeess genge bezuelen? Gët d’Lëtzebuerger Participatioun un den Aarbechten um Militärflughafen, wou d’Maschinen stationéiert ginn, dann esou verrechent, dass de Lëtzebuerger Staat an dëser gemeinsamer Acquisitioun nët méi schlecht ewech kënnt, ewéi säi belsche Partner?

 

Hei d’Äntwert vum Minister.

Deel dëse Post: