[Parlamentaresch Fro]: Wat gëtt géint den islameschen Terrorismus zu Lëtzebuerg ënnerholl?

De Roy Reding huet den 9. Juli 2014 dës Fro iwwert den islameschen Terrorismus gestallt:

Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës Fro un den Här Inneminister an un den Här Justizminister weiderzeleeden.

Zwee Lëtzebuerger Awunner, déi vun der Press als Islamiste bezeechent ginn, sinn a Syrien ëm d’Liewe komm, wou se sech dem Djihad ugeschloss hunn. Am Grand-Duché, zu Kanech, ass e Member vun enger sunnitescher Terrormiliz, deen international gesicht gouf, festgeholl ginn. Zu Esch, ënner dem Deckmantel vun enger kultureller Associatioun, fonctionnéiert en Treffpunkt vu militante Salafisten, deen ënner anerem Kämpfer fir den „hellege Krich“ a Syrie rekrutéiert.

Den islameschen Terrorismus ass och zu Lëtzebuerg ukomm.

An engem Interview äntwert e Procureur d’État op d’Fro: „Wenn die Justiz jetzt Wind davon bekäme, dass jemand vor hat, nach Syrien in den Krieg zu ziehen, was könnte sie dann konkret unternehmen ?” dëst: „Um jemanden davon abzuhalten, das zu tun? Da gibt es keine Möglichkeiten.“

Dowéinst wéilt ech dem Här Inneminister an dem Här Justizminister dës Froe stellen:
1. Huet d’Regierung eng kloer Strategie, fir dem islameschem Terrorismus zu Lëtzebuerg paroli ze bidden ?
2. Verfügen d’Police an de SREL iwwert déi néideg Ressourcen, personell a materiell, fir déi noutwenneg Iwwerwaachungen an präventiv Mesuren duerchzeféieren ? Wa neen, ginn dës Ressourcen kuerzfristeg un déi potenziell Geforen ugepasst ?
3. Ass d’Regierung der Meenung, datt radikal islamistesch Gruppen, déi Kämpfer fir den „hellege Krich“ rekrutéieren, ënnert d’Gesetzgebung vum Kampf géint den Terrorismus falen?
4. Deelt d’Regierung d’Aschätzung vum Procureur d’État, datt d’Justiz am Ament net iwwert déi néideg Texter verfügt, fir z.B. Persounen aus Lëtzebuerg drun ze hënneren an Krichsgebitter ze reesen fir do ze kämpfen ?
5. Wëll d’Regierung kuerzfristeg déi lëtzebuerger Anti-Terrorismus Gesetzgebung verstäerken, op de Modell deen aktuell vun der franséischer Regierung diskutéiert gëtt, mam Objektiv fir den Depart vun Leit ze verhënneren, déi sech a Krichsgebitter wëlle radikale Gruppen uschléissen ?

Mat déiwem Respekt,Roy Reding, Député

Deel dëse Post: