[Parlamentaresch Fro] Vill Froen zur Ofdreiwung hei zu Lëtzebuerg

Gezielt Froën zur Ofdreiwungspraxis hei zu Lëtzebuerg stellt de Fernand Kartheiser den 13. November:

No deenen Donnéeën déi an der Press woren, goufen et am Joer 2012 eng 1.137 Ofdreiwungen zu Lëtzebuerg, dovun och e puer bei mannerjärege Fraen. 8,71 Prozent vun de betraffene Fraen solle méi jonk wéi 25 Joer gewiescht sinn.
Opgrond vun deenen Informatiounen wollt ech deenen zoustännege Ministeren dës Froe stellen:

1. Kann d’Regierung dës Informatiounen confirméieren? Wa jo, wouhier kommen dës Zuelen? Gëtt et och schonn Zuelen fir d’Joer 2013?

2. Wéi eng Artikelen an der medizinescher Nomenclature gi geholl, fir den Akt vun der Ofdreiwung ze bezeechnen, respektiv ze verrechnen? Wéi vill Dokteren hunn hei am Land Ofdreiwungen praktizéiert?

3. Wat geschitt mat deenen ofgedriwwenen Kanner? Ginn hir stierflech Iwwerreschter mat Respekt behandelt?

4. Ginn déi stierflech Iwwerreschter vun deenen ofgedriwwene Kanner iergendwéi wëssenschaftlech oder economesch verwäert? Ginn déi Tissuen vun de Kanner u Biobanken oder Firmen weiderginn oder verkaf? Wa jo, ënner wéi enge Bedingungen an opgrond vu wéi engen Bestëmmungen? Ginn d’Mammen informéiert oder gefrot, wat soll mat hire Kanner geschéien?

5. Bei wéi vill vun deenen Ofdreiwungen ass d’Krankekees/d’Gesondheetskees intervenéiert? Wéi vill Suen hunn déi Keesen am Joer 2012 an am Joer 2013 am Ganzen fir Ofdreiwunge bezuelt?

6. Wéi vill Suen sinn am Joer 2012 an am Joer 2013 un de Planning familial gefloss? Goufen och Suen fir Ofdreiwungen oder Leeschtungen mat medizineschem Charakter am Zesummenhank mat Ofdreiwungen direkt un de Planning familial bezuelt?

7. Ass d’Regierung där Meenung, datt et moralesch vertrietbar ass, fir Ofdreiwungen, déi net op dréngende medizineschen Indikatiounen berouen, vun der Allgemengheet bezuelen ze loossen?

Deel dëse Post: