[PARLAMENTARESCH FRO] Veianer Schlass

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Kulturministesch weiderzeleeden.

Laut enger Nouvelle, déi mir haut zu Ouere koum, hätt de Staatsbudget d’Käschte fir de Bau vun enger neier Kichen am Veianer Schlass gedroen (ënnert der Responsabilitéit vum Service des Sites et Monuments nationaux).

Déi Kiche misst awer elo nees erausgerappt ginn, well se laut ITM net konform wier.

An deem Kontext wéilt ech der Madame Kulturministesch dës Froe stellen:

  1. Stëmmt dëse Sachverhalt? Wa jo, wéi ass et méiglech, datt eng staatlech Verwaltung an engem ëffentleche Gebai fir vill Sue schaffe léisst an dann eng aner staatlech Verwaltung dei Ëmbauten net guttheescht? Gëtt et keng Koordinatioun an esou Fäll?
  2. Wéi vill huet de Bau vun där Kiche kascht?
  3. Wéi vill kascht d’Ofrappen?

Mat déiwem Respekt,

Roy Reding,

Deputéierten

Deel dëse Post: