[PARLAMENTARESCH FRO] Travailleurs détachés

Madame Presidentin,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Aarbechtsminister an den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

Déi franséisch Zeitung Le Parisien wonnert sech a senger Ausgab vum 2. Dezember, datt Frankräich franséisch Salariéen importéiert Quand la France importe sur son sol des salariés… français»). Dësem Artikel no schaffen a Frankräich 18 508 Fransousen ënnert dem Statut vum Travailleur détaché.

D’Zeitung erkläert dës Bizarrerie esou: de franséische Salarié ass vun enger Interimsagence engagéiert, vun Entreprisen, déi haaptsächlech zu Lëtzebuerg installéiert sinn. Well am Grand-Duché d’Charges patronales méi niddreg sinn, sinn d’Firmen, déi dës Salariéë beschäftegen d’Gewënner beim Ausnotze vun der europäescher Directive détachement.

An dësem Kontext wéilt ech dem Här Aarbechtsminister an dem Här Minister fir Sozialversécherung dës Froe stellen:

  1. Gëtt et Statistiken iwwert wéi vill Salariéë vu Lëtzebuerg aus a Frankräich schaffen, ënnert dem Statut vum travailleur détaché?
  2. Gëtt et esou Statistike fir Salariéen, déi vu Lëtzebuerg aus an anere Länner aus der Europäescher Unioun schaffen?
  3. A wéi engem Mooss verfälschen esou Aarbechtsverträg d’Statistiken iwwert de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché?
  4. Wéi eng finanziell Auswierkungen, positiv oder negativ, huet dës Aart vu Beschäftegung op d’Krankekeess, d’Pensiounskeess an d’Fleegeversécherung?
  5. Wéi eng finanziell Auswierkungen huet dës Aart vu Beschäftegung op d’Finanze vum Staat, dee fir all Salarié een Drëttel vun de Chargë fir d’Sozialversécherung dréit, an och fir dës Salariéë muss Kannergeld a Studenteboursen ausbezuelen?
  6. Ass d’Regierung der Meenung, datt vu Lëtzebuerg aus Abusen iwwert de Wee vun der Directive détachement toleréiert ginn? Wa jo, wat wëllt d’Regierung ënnerhuelen, fir datt dës Abusen ofgebaut ginn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: