[BEÄNTWERT] Prévention suicide

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Zënter e puer Deeg ass d’Internetsäit www.prevention-suicide.lu, op där eng Rei Informatiounen zum Thema Suizid ze fanne sinn, nees online. Dës Säit adresséiert sech net nëmmen un déijéineg, déi sech schlecht fillen an Hëllef sichen, mä och un deenen hiren Entourage an un d’Fachleit. D’Informatioune stinn op Franséisch an op Däitsch zur Verfügung.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Gesondheetsminister dës Froe stellen:

  1. Wien ass fir d’Internetsäit www.prevention-suicide.lu zoustänneg ?
  2. Wéi ass et méiglech, datt dës Säit jorelaang net accessibel war ?
  3. Ass et virgesinn, grad well et sech ëm e sensibelt Thema handelt, fir déi wichteg Informatiounen och an anere Sproochen, an notamment op Lëtzebuergesch, unzebidden?
  4. Et gëtt op där Internetsäit ënnert anerem drop higewisen, datt déi betraffe Leit den SOS Détresse (45 45 45) kënnen uruffen. Ass den Här Minister net der Meenung, datt esou en Hëllefstelefon misst 24 Stonnen op 24 fonctionnéieren, an net nëmmen zu bestëmmtenen Auerzäiten?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Mars Di Bartolomeo, Ministre de la Santé

Deel dëse Post: