[BEÄNTWERT] Plan d’action bruit

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an un den Här Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Vill Leit, déi an der Noperschaft vu wichtegen Nationalstroossen oder Autobunne wunnen, bekloen sech iwwer de Kaméidi. De Problem gëtt jo mat der Zäit net méi kleng, well de Verkéier dauernd weider wiisst. Am Mee 2010 huet d’Regierung en Aktiounsplang fir d’Bekämpfe vum Kaméidi laanscht de grousse Verkéiersachse virgestallt.

Dowéinst wéilt ech dem Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen  an dem Här Gesondheetsminister dës Froe stellen :

1)      Wat fir Konsequenze sinn aus deem Aktiounsplang vun 2010 gezu ginn ?

2)      Wat fir konkret Aarbechte sinn op Basis vum deem Plang ausgefouert ginn, oder stinn direkt an der Planung ? Wéi vill Geld ass fir dës Aarbechte bezuelt ginn, respektiv ass budgetiséiert ginn ?

3)      Sinn an deem Kader Subsiden u privat Stéit, un Institutiounen (wéi Spideeler, Haiser fir Senioren, Schoulen…) ausbezuelt gi fir déi akustesch Isolatioun? Wa jo, wéi gesinn dës Subsiden am Detail aus?

4)      Sinn Donnéeën, déi fir d’Erstelle vum Aktiounsplang geholl gi sinn, aktualiséiert, respektiv ass et virgesinn dës ze aktualiséieren an z.B. nei Kaarten opzestellen ?

5)      Falls et zu Verännerunge bei der Belaaschtung duerch de Kaméidi kënnt, hëlt de Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukture dann automatesch d’Decisioun fir Schutzmoossnamen am Interessi vun de Leit ze organiséieren ?

6)      Huet den Här Gesondheetsminister Erkenntnesser iwwer d’Auswierkung vum Kaméidi vum Stroosseverkéier op d’Gesondheet vun de Leit?

7)      Wéi eng Preventiounsmoossnamen ënnerstëtzt de Gesondheetsministère fir Gesondheetsschied duerch de Kaméidi vum Verkéier, och duerch Chantieren, ze vermeiden?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Mars Di Bartolomeo, Ministre de la Santé; Monsieur Marco Schank, Ministre délégué au Développement durable et aux Infrastructures

Deel dëse Post: