[PARLAMENTARESCH FRO] Islamesch Finanzen

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Den Här Finanzminister huet den 9. Januar 2014 e Gesetzprojet deposéiert, deen drop erausleeft, datt de Staat dräi grouss Gebaier, déi him gehéiren (déi zwee grouss Tierm um Kierchbierg an den Immeuble “Gutennberg” zu Stroossen, 1 rue des Primeurs) an eng Gesellschaft ze leeën, déi him gehéiert an dann “Zertifikater” erausgëtt, déi vun Investisseure kënne kaaft ginn.

Während 5 Joer lount dann de Staat seng Gebaier vun dëser Gesellschaft. No 5 Joer verkeeft déi Gesellschaft déiselwecht Gebaier nees un de Staat fir 200 Milliounen Euro.

Dee Loyer ass, wéi et am Projet de loi ze liesen ass, „een Deel“ vum Rendement vun der Gesellschaft a gëtt „zum Deel“ un déi virgenannten Investisseure verdeelt.

Dës ganz Operatioun soll als Zweck hunn e Sukuk ze sinn, dat heescht en Trick, deen et Moslemen erlaabt ze soen, si kréiche géint hiren “Prêt” net Zënsen, mä en Deel vum Benefice vun där Gesellschaft.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Finanzminister dës Froe stellen:

  1. Fir wat fir eng Valeur ginn déi Gebaier an déi Gesellschaft abruecht a wéi héich ass de Loyer, deen dann erakënnt?
  2. Wéi grouss ass de Rendement, deen d’Investisseure schlussendlech bei dëser Operatioun erausschloen, an zwar a Prozent par rapport vun hirem Investment?
  3. Wéi wëll de Staat dësen Investment ubidden? Ëffentlech oder un eng limitéiert Zuel vu potentiellen Investisseuren?
  4. Däerf all Lëtzebuerger, och wann hien net musulmanesche Glawes ass, hei investéieren? Oder huet d’Regierung schonns een oder méi Investisseuren erausgesicht an, wa jo, wien?

Mat déiwem Respekt,

Roy Reding,

Deputéierten

Deel dëse Post: