[PARLAMENTARESCH FRO] Incident lors de l’intervention d’une ambulance le 14 mars 2013

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister an un den Här Justizminister weiderzeleeden.

Am Bulletin de presse vum 14. Mäerz 2013 vun der groussherzoglecher Police kann een ënnert anerem dës Noriicht liesen: „Vers 17:00 heures le centre d’intervention de Diekirch a été contacté par l’équipage d’une ambulance suite au comportement agressif d’un patient. Au cours de l’intervention l’état de santé du jeune homme s’est subitement dégradé. Les tentatives de réanimation des ambulanciers sur place et du médecin du SAMU sont restées vaines. Le Parquet de Diekirch a ordonné une autopsie afin de déterminer les causes exactes du décès“.

Déi national Press huet deemols vun dësem tragesche Virfall bericht, mä eng Rei Detailer schéngen net der Wourecht z’entspriechen. De jonke Mann wier net zu Angelduerf, an enger Ambulanz, mä an engem Haus zu Ierpeldeng gestuerwen. Dës falsch Informatioun wier och op der Déclaration des causes de décès erëmzefannen. 

An deem Kontext wéilt ech den Häre Ministeren dës Fro stellen:

  1. Sinn d’Eltere vun deem jonke Mann gefrot ginn, ob si domadder averstane wieren, datt dësen tragesche Virfall am Bulletin de presse vun der groussherzoglecher Police ernimmt gëtt?
  2. Falls sech d’Eltere géint d’Verëffentleche vun där Informatioun ausgeschwat hunn, firwat ass dee Wonsch net respektéiert ginn?
  3. Gëtt d’Famill an deene Fäll ëmmer ëm d’Erlaabnis gefrot? Wann neen, firwat?
  4. Ass den Här Minister net der Meenung, datt et an deem Kontext wichteg ass, den Equiliber ze fannen tëscht der Privatsphär vun de betraffene Leit an der Noutwennegkeet, d’Ëffentlechkeet iwwert verschidde Virfäll z’informéieren?
  5. Wéi gëtt, wat de Bulletin de presse ubelaangt, den Tri gemaach tëscht den Informatiounen, déi verëffentlecht ginn, an deenen, déi net verëffentlecht ginn?
  6. Wéi ass den Ëmgang vun der Police mat der Press gereegelt?
  7. Huet d’Police an ähnleche Fäll d’Recht, verschidde Journaliste méi Informatiounen ze ginn ewéi déi, déi um Bulletin de presse erëmzefanne sinn?
  8. Ass et üblech, datt an ähnleche Fäll d’Déclaration des causes de décès net vum Dokter, deen den Doud constatéiert huet, erstallt gëtt, mä vun engem anere Médecin légiste?
  9. Wéi ass et méiglech, datt op der Déclaration des causes de décès, déi d’Famill vum jonke Mann kritt huet, guer keng Doudesursaach uginn ass ?
  10. Wien ass an ähnleche Fäll fir de Rapport d’autopsie zoustänneg ?
  11. U wien huet sech an dësem Fall de Médecin légiste gewannt, fir un all déi néideg Informatiounen, déi mam Doud vum jonke Mann a Verbindung stinn, ze kommen?
  12. Wat fir eng Konsequenze kënnen an dësem Fall, wat d’Verëffentlechung vun den Informatiounen an d’Erstelle vun den offiziellen Dokumenter (Déclaration des causes de décès a Rapport d’autopsie), gezu ginn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

Deel dëse Post: