[PARLAMENTARESCH FRO] Imposition des associations

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

Viru kuerzem gouf den Alinéa 6 vum Artikel 174 iwwert d‘Besteierung vun Vereenegungen an deem Sënn ofgeännert, datt vum Steierjoer 2013 un all Vereenegung e Minimum vun 500 € Steiere bezuele muss, wann hire Bilan ënnert 350.000 € läit, dëst onofhängeg vun der Aktivitéit an de finanzielle Méiglechkeete vum Veräin. Dovunner ofgesinn, datt dat net onbedingt en encourageant Signal fir déi vill Bénévolen ass, bréngt dës Steierfuerderung vill Veräiner a Schwieregkeeten. 

Munche klengen Duerfveräin huet seng léif Méi, fir iwwert de Wee vu Memberskaarten dës Zomm opzedreiwen a muss dee gréissten Deel vu sengen Aktivitéiten derzou opbréngen, fir iwwerhaapt an der Lag ze sinn, d’Steieren ze bezuelen.

Karitativ Wierker gesi sech forcéiert, Spenden opzehiewen, fir en Deel dem Steieramt zoukommen ze loossen. Munch Spender wäerten sech duerch dës Steierverflichtung schwéier doen, weiderhin hire Beitrag bäizedroen.   

An deem Kontext wéilt ech dem Här Finanzminister dës Froe stellen:

1) Zu dësem Zäitpunkt hu schonns eng ganz Rëtsch vu Veräiner eng Opfuerderung kritt, hir Steieren ze bezuelen. Eng éischt Mensualitéit ass den 10. Juni fälleg. Ganz vill aner Veräiner hu nach keng Opfuerderung kritt, jo si wësse souguer näischt vun deem neie Gesetz. Wéi wëllt de Ministère virgoen, fir deem entgéint ze goen, datt déi eng Veräiner bezuele mussen an déi aner nach net?

2) Lëtzebuerg nennt sech gäre Weltmeeschter an der Entwécklungshëllef, mee bestrooft déi d’Associatiounen, déi sech och ëm Entwécklungshëllef beméien. Wéi denkt de Minister iwwert d’Méiglechkeet, karitativ Wierker vun dëser Steier ze befreien?

3) Sou wéi d’Fakten elo sinn, muss all Veräin, op en e Bilan huet vun 1 € oder vun 350.000 €, dee nämlechte Betrag un d’Steieramt weiderreechen. Munche Veräin kann dat aus der Portokeess decken, anerer stoussen domadder schonns un d’Grenze vun hire finanzielle Méiglechkeeten. Wéi wëllt de Minister dës Ongerechtegkeet aus dem Wee schafen?

4) Wier et net, wéinst all deene  Problemer, déi elo opdauchen, ubruecht e Moratoire auszespriechen an dës Gesetzesännerung nach emol z’iwwerschaffen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: