[PARLAMENTARESCH FRO] Exposition “L’islam au Luxembourg – l’islam du Luxembourg”

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Familljen- an Integratiounsministesch, un d’Madame Kulturministesch an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Vum 5. Juni bis den 28. Juli 2013 konnt een am Centre de Documentation sur les Migrations Humaines, zu Diddeleng, eng Ausstellung mam Titel “L’islam au Luxembourg – l’islam du Luxembourg” besichtegen. Der nationaler Press no gouf dëse Projet vum Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration finanziell ënnerstëtzt. Eng Rei Schoulklasse wieren dës Ausstellung kucke komm an déi sëllech Panneauen a Videoe wieren zäitweileg och am Kolléisch (Athenée de Luxembourg) ze gesinn.

Dowéinst wéilt ech der Madame Familljen- an Integratiounsministesch, der Madame Kulturministesch an dem Här Educatiounsminister dës Froe stellen:

1. Mat wat fir enge finanziellen oder soss anere Moyenen huet de Familljen- an Integratiounsministère d’Ausstellung „L’islam au Luxembourg – l’islam du Luxembourg“ ënnerstëtzt? Opgrond vu wat fir enge Kritäre gouf dës Ënnerstëtzung accordéiert?

2. A wat fir enger Hisiicht entsprécht dës Ausstellung de Missioune vum OLAI wéi z.B. d’Integratioun vun den auslännesche Matbierger? Wat fir e konkret Zil wëll de Familljen- an Integratiounsministère duerch d’Ënnerstëtze vun esou enger Ausstellung erreechen?

3. De Centre de Documentation sur les Migrations humaines ass eng ASBL, déi duerch eng Konventioun mam Kulturministère a mat der Stad Diddeleng liéiert ass.Mat wat fir enge finanziellen oder soss anere Moyenen huet de Kulturministère dës Ausstellung ënnerstëtzt? Opgrond vu wat fir enge Kritäre gouf dës Ënnerstëtzung accordéiert?

4. Op wat fir enge Sprooche ginn d’Texter op de Panneauen, d’Videoen oder soss Informatiounsmaterial zu dëser Ausstellung ugebueden? Ass d’Regierung net der Meenung, datt d’Präsenz vun der Lëtzebuerger Sprooch misst ee vun de Kritäre sinn, fir ähnlech Projeten ze ënnerstëtzen?

5. Wéi vill Klassen hunn dës Ausstellung zu Diddeleng am Centre de Documentation sur les Migrations humaines besichtegt? Sinn d’Klassen explizit vun där Institutioun invitéiert ginn oder hunn dës Visiten op Initiativ vun Enseignanten oder Proffe stattfonnt?

6. Wéi vill Schoulstonne sinn duerch dës Visitë verluer gaangen?

7. Kann den Här Educatiounsminister konfirméieren, datt dës Ausstellung och am Kolléisch ze gesi war?

8. A wat fir engen anere Schoule war dës Ausstellung soss nach ze gesinn, respektiv ass et virgesinn, datt se gewise gëtt?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: