[PARLAMENTARESCH FRO] Emprunt contracté en décembre 2008

Madame Presidentin,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës Drénglechkeetsfro (Art. 81) un den Här Finanzminister weiderzeleeden.

De 4. Dezember leeft den Emprunt vun 2. Milliarden Euro of, deen de 4. Dezember 2008 ausgestallt gouf, dëst am Kontext vun der Bankerettung.

Dowéinst wéilt ech dem Här Finanzminister dës Froe stellen:

  1. Wéi gëtt den Emprunt rembourséiert ? Ginn déi aktuell Ressourcen aus der Tresorerie duer fir d’Obligatiounen op de 4. Dezember auszebezuelen ?
  1. Deelt den Här Finanzminister d’Meenung, et sollt een dësen Emprunt nees zu ähnleche Konditiounen opleeën, besonnesch fir de klénge Spuerer d’Méiglechkeet ze ginn, an Obligatioune vum Lëtzebuerger Staat ze investéieren ?
  2. Deelt den Här Finanzminister d’Meenung, datt de Lëtzebuerger Staat seng Participatiounen an der BGL an an der BNP-Paribas soll bäibehalen, dëst och fir en Afloss an dëser fir Lëtzebuerg wichteger Bank ze behalen?

 Mat déiwem Respekt,

Roy Reding,

Député

Deel dëse Post: