[PARLAMENTARESCH FRO] Datebank vum Centre informatique de l’État

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mëttelstandsminister an un den Här Minister fir d’Fonction publique weiderzeleeden.

Engem Lëtzebuerger Radiosender no wier en héije Beamte vum Mëttelstandsministère iwwert de Centre informatique de l’Etat u Fichiere komm, fir Leit opzefuerdere bei de Chamberwalen un hien ze „denken“. De concernéierte Beamte soll Kandidat am Bezierk Süden gewiescht sinn.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Mëttelstandsminister an dem Här Minister fir d’Fonction publique dës Froe stellen:

  1. Stëmmt et, datt den Här Mëttelstandsminister de concernéierte Beamte mat deene Reprochë confrontéiert huet, esou wéi et e Lëtzebuerger Radiosender gemellt huet? Wa jo, wat wor d’Resultat vun deem Gespréich?
  2. Huet den Här Minister all méiglech technesch Moyenen, déi per Gesetz erlaabt sinn, agesat, fir ze iwwerpréiwen, ob den héije Beamte fir elektoral Zwecker op eng Datebank vum Centre informatique de l’Etat zréckgegraff huet?
  3. Wat fir eng Moyene ginn an der Fonction publique agesat, fir datt et beim Zréckgräifen op Datebanken net zu Abuse kënnt?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: