[PARLAMENTARESCH FRO] Cargolux – Demissioun aus dem Exekutivcomité

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Economie an den Här Minister fir Infrastrukturen weiderzeleeden.

Zwee Memberen aus dem Exekutivcomité vun der Cargolux hunn hir Demissioun ginn. Dës Demissiounen gi begrënnt duerch Divergenzen iwwert d’Strategie wat deen neien Partner HNCA ugeet. Dobäi ass och d’Objektivitéit vum Rapport a Fro gestallt ginn, deen en externe Consultant iwwert d’Zukunft vun der Cargolux an d’Zesummenaarbecht mat dem neie chinesesche Partner opgestallt huet.

An dësem Kontext wéilt ech dem Här Minister fir Economie an dem Här Minister fir Infrastrukturen dës Froe stellen:

  1. Stëmmt et, datt de Consultant, deen den uewe genannte Rapport geschriwwen huet, Kandidat ass fir de Posten vum CEO bei der Cargolux ?
  2. Wien huet de Consultant eraus gesicht fir dee Rapport iwwert d’Collaboratioun Cargolux – HNCA opzestellen ? Wéi héich war den Honoraire fir dëse Rapport a vu wiem gouf e bezuelt ?
  3. Deelt d’Regierung d’Meenung, datt de Rapport eventuell net objektiv ass ? Wa jo, wéi eng Konsequenzen mussen dorausser gezu ginn ?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: