[PARLAMENTARESCH FRO] Ausseminister ënner Surveillance vum SREL gesat?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Premierminister weiderzeleeden.

Et sinn Informatiounen u mech erugedroe ginn, datt de Geheimdéngscht (SREL) an den achtzeger Joren den deemolege Lëtzebuerger Ausseminister a senger Vakanz op der Côte d’Azur ënner Surveillance gesat huet, dëst ënner anerem fir ze wëssen, mat wiem den Ausseminister do Kontakt hat.

Kann den Här Premierminister dës Informatioun konfirméieren ?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Député

Deel dëse Post: