[Parlamentaresch Fro] : Akzidenter op der Streck vum Waldhaff

Emmer nees muss een vun Akzidenter op der Streck vum Waldhaff op de Sennengerbierg liesen. De Roy Reding huet heidriwwer de 14. November 2014 eng parlamentaresch Fro gestallt:

E Mëttwoch koum et op der Streck vum Waldhaff op de Sennengerbierg alt nees zu engem schwéieren Accident. De Chauffer gouf dobäi just liicht blesséiert, bei aneren Accidenter op därer Streck ass et net ëmmer esou gelënnert erofgaang.

An deem Kontext wëll ech dem Här Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen eng Rei Froen stellen:

1) Wéi vill Accidenter gëtt et op därer Streck an der Moyenne pro Joer? Gëtt et do eng Progressioun festzestellen oder falen eenzel Joer duerch anormal héich Accidentzuelen op?

2) Wéi eng Ursaachen gesäit de Minister fir déi vill Accidenter op enger relativ kuerzer Streck?

3) Gëtt dorun geduecht, Verbesserungen duerchzeféieren, fir déi Streck méi sécher ze maachen, siefe se technescher oder baulecher Natur oder sief et eng aner Signalisatioun.

 

Deel dëse Post: