Pandemie-Vertrag vun der WHO

Hei fannt Dir déi parlamentaresch Fro vun der honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weiderzeleeden.

Wärend der Coronakris hat d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) e gewëssen Afloss op d’Mesuren, déi op internationalem an op nationalem Niveau geholl goufen. D’Roll vun der WHO an enger Pandemie an Diskussiounen ëm e Pandemieofkommes (WHO Pandemic Agreement) gi mat groussem, awer dacks och kriteschem, Intressi observéiert. An deem Kader hat och schonn den honorabelen Deputéierte Jeff Engelen eng parlamentaresch Fro (N°8050) un déi deemoleg Gesondheetsministesch gestallt. Hirer Äntwert no, soll et bis dohin nach keen Accord um Text ginn hunn, woufir den Inhalt och nach net am Detail hätt kënne kommentéiert ginn. Zanter dem 30. Oktober 2023 läit elo awer dee  verhandelten Text ëffentlech vir.

 

An dësem Kontext géing ech der Regierung gär follgend Froe stellen:

 

  • Wéi ass d’Timeline betreffend dësem verhandelten Text, vun de Verhandlungen an deenen eventuelle weideren Aarbechten um Text bis hin zur Presentatioun vum definitiven Text a senger Ofstëmmung? Bis wéini mussen Amendemente vun de WHO-Memberstaten eragereecht ginn? A wéi wäit ass den Text nach negociabel? Wëll d’Regierung dëst Ofkommes an där aktuell bekannter Versioun unhuelen?

 

Follgend Froe géing ech der Regierung gär am Kader vum proposéierten Text (A/INB/7/3 vum 30. Oktober 2023) vum Pandemieofkommes stellen (Zitater si kursiv geschriwwen):

 

  • Duerch de ganzen Text duerch liest een ëmmer nees „shall” (“should”). Sinn all dës Dispositiounen als Obligatioun ze liesen oder éischter als Recommandatioun? Wéi liest sech dat an där spéiderer franséischer Versioun?

 

  • Kapitel 1, Artikel 1, (c): “infodemic” means too much information, false or misleading information, in digital and physical environments during a disease outbreak.
  • Wéi steet d’Regierung zu deem Begrëff ,,infodemic’’? Wien definéiert dat? Riskéiert dat net, datt d’Meenungsfräiheet domat kann a Fro gestallt ginn?

 

  • Kapitel 1, Artikel 3, Punkt 4: Responsibility – Governments have a responsibility for the health of their peoples, and effective pandemic prevention, preparedness and response require global collective action.
  • Hei gi keng Detailer ernimmt bezüglech der genauer Reichweite vun där Responsabilitéit. Wéi wäit géing d’Regierung goen, fir dëser Responsabilitéit gerecht ze ginn? Wou gesäit d’Regierung d’Grenz vun hirer Verantwortung an hiren Handlungsoptiounen, fir eng Verletzung vun de Grondrechter vun de Mënschen ze verhënneren a si an hirer fräier Entscheedung net anzeschränken?

 

  • Kapitel 2, Artikel 4, Punkt 4: Each Party shall develop, strengthen, implement, periodically update and review comprehensive multisectoral national pandemic prevention and public health surveillance plans that are consistent with and supportive of the effective implementation of the International Health Regulations.
  • Misst d’Chamber net déi revidéiert Form vun den „International Health Regulations” am Virfeld virgeluecht kréien, fir d’Ausmooss vun dësem Artikel ze verstoen? Ass d’Regierung bereet, fir d’Chamber iwwer d’Aarbechten un den „International Health Regulations” ëmfaassend ze informéieren?

 

  • Kapitel 2, Artikel 10, Punkt 1 (a): take measures to identify and maintain production facilities at national and regional levels, as well as to facilitate the production, as appropriate, and in furtherance of the provisions of Article 13 herein, of pandemic-related products therein

Kapitel 2, Artikel 13, Punkt 3 (d): working with national authorities to establish and maintain national and/or regional stockpiles of various pandemic response-related products, as well as maintaining the relevant logistic capacities and assessing them at regular intervals, and specifying the criteria to ensure that stockpiling is used only to address public health needs

  • Wéi steet d’Regierung zu dëser Fuerderung? Wéi soll dat hei zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn?

 

  • Kapitel 2, Artikel 15, Punkt 2: The Conference of the Parties shall establish, within two years of the entry into force of the WHO Pandemic Agreement, using existing relevant models as a reference, no-fault vaccine injury compensation mechanism(s), with the aim of promoting access to financial remedy for individuals experiencing serious adverse events resulting from a pandemic vaccine, …
  • Wéi eng Mechanisme gedenkt d’Regierung hei anzesetzen, fir d’Kausalitéit tëscht der Impfung an engem Nieweneffekt festzestellen an och eng Meldung vun dësem ze garantéieren? Wëll si iwwert déi aktuell Mechanismen erausgoen an eventuell nei an zousätzlech Prozedure schafen? Wéi goufen déi aktuell Mechanisme bis elo genotzt a mat wéi enge Resultater?

 

as well as more generally promoting pandemic vaccine acceptance.

  • Wéi wäit géing d’Regierung bei esou engem „generally promoting” goen? Wou gesäit d’Regierung d’Grenz vun hirer Aufgab, fir d’Meenungsfräiheet net anzeschränken an eng vollstänneg, objektiv an transparent Informatiounsvermëttlung ze garantéieren? Ass d’Regierung der Meenung, datt jidderee muss d’Recht behalen, seng Siicht, seng Meenung a seng Bedenken ëffentlech an ongehënnert duerzestellen, fir datt all Bierger sech kann eng eege Meenung bilden an esou Entscheedungen no senger eegener Iwwerzeegung treffe kann?

 

  • Kapitel 3, Artikel 26: No reservations may be made to the WHO Pandemic Agreement
  • Dës Dispositioun iwwerrascht, well si an internationalen Ofkommes éischter net üblech ass. Wéi erkläert sech d’Presenz vun esou enger kategorescher Fuerderung? Ass d’Lëtzebuerger Regierung bereet, fir Virbehalter festzehalen, besonnesch bei all Artikel, deen d’Meenungsfräiheet kéint aschränken oder als Zwangsmoossnam kéint ausgeluecht ginn?

 

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: