Palästina : Unerkennung fir Fridden (Video)

Den Noen Osten war am aussepoliteschen Debat net esou en zentralen Thema wéi aner Joer. Mais de Fernand Kartheiser huet och hei nach eng Kéier d’ADR-Positioun ënnerstrach. Keng eesäiteg Scholdzouweisungen un Israel léisst hie gëllen. Och d’Bild vum Prisong Gaza hannerfreet de Fernand Kartheiser a weist op d’palästinensesch Matverantwortung un der Situatioun. Hie weist Versteesdemech fir déi, déi d’Siedlungspolitik kritiséieren, wëll awer net, dass sech dauernd op den onrealistesche Grenzen vun 1967 behaapt gët.

Déi nuancéiert Positioun kënnt och dran zum Ausdrock, dass de Fernand Kartheiser d’Motioun vun „Déi Lénk“ fir eng Unerkennung vum palästinensesche Staat ënnerstëtzt huet (Video). D’Unerkennung vu Palästina ass a sengen Aen e Wonsch, deem kee sech ka verschléissen. Mais et wier nach ze fréi fir esou e Schrack, esou laang d’Friddenverhandlungen mat Israel net ofgeschloss sinn, esou d’ADR-Positioun. Et sollt een an därer Fro net virun den Zuch lafen duerch eng Unerkennung zum falschen Zäitpunkt.

 

 

 

Deel dëse Post: