[BEÄNTWERT] Organisation scolaire

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Educatiounsministesch weiderzeleeden.

D’Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwert d’Organisatioun vun der Grondschoul an de groussherzogleche Reglement vum 18. Februar 2010 gesi vir, datt fir all Gemeng e Kontingent vu Stonne festgeluecht gëtt. Iwwert dëse Kontingent ginn dann, iwwert d’Schoulorganisatioun an de respektive Gemengen, d’Zuel vun den Enseignanten, respektiv d’Zuel vun de Schoulklasse festgesat.

De Kontingent variéiert vu Gemeng zu Gemeng, a soll der sozio-economescher an der sozio-kultureller Zesummesetzung vun der jeeweileger Gemeng ugepasst sinn. D’Upassung vun der Zuel vun den Enseignanten tëschent der Situatioun vu virun dem neie Schoulgesetz an der neier Situatioun soll iwwert 10 Joer geschéien, woubäi all Joer d’Upassung no ënne bei 10% läit.

Schonns elo, zwee Joer no der Publikatioun vum groussherzogleche Reglement, hu gewësse Gemenge Schwieregkeete fir bei der Schoulorganisatioun hir Klassen esou z’organiséieren, datt d’Effektiver pro Klass net ze grouss ginn.

E weidere Problem läit doranner, datt de Kontingent pro Gemeng festgeluecht gëtt, an net der sozio-economescher an den sozio-kultureller Zesummesetzung pro Quartier, respektiv pro Anzugsgebitt vun der eenzelner Schoul, gerecht gëtt.

Dowéinst wéilt ech der Madame Educatiounsministesch dës Froe stellen:

1)      Wéi vill Gemenge verléieren, iwwer d’Festleeung vum Kontingent, Schoulstonne vis-à-vis vun der initialer Situatioun? Wéi vill Stonnen sinn am Schouljoer 2012-2013 schonns verluer ginn?

2)      Wéi eng Gemengen si betraff ?

3)      Ass d’Madame Ministesch gewëllt, dëse Kontingent pro Quartier respektiv pro Anzugsgebitt vun der eenzelner Schoul ausrechnen ze loossen an de Gemengen dës Etude matzedeelen?

4)      Ass d’Madame Ministesch net der Meenung, datt e Moratoire op eng weider Reduktioun vun de Schoulstonne muss geluecht ginn, bis datt d’Etude, déi am Artikel 9 vum Reglement vum 18. Februar 2010 virgesinn ass, virläit ?

5)      Wann esou e Moratoire net ugewannt gëtt, wéi vill Stonne ginn am Schouljoer 2013-2104 par rapport zum Schouljoer 2012-2013 verluer ?

 

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Mady Delvaux-Stehres, Ministre de l’Education nationale et de la Formation professionnelle

Deel dëse Post: