Oppent Ouer fir Weiderbildung a gescheeten Elteren

Entrevue mat SOS Parents

Ëmmer nees hëlt d’ADR an Entrevuen de Bols vun de Lëtzebuerger. E Méindeg, den 9. Mäerz, waren direkt zwee Rendez-vousen mat Vereenegungen.

De kriddelegen Thema vum Suergerecht steet am Mëttelpunkt vun der Aarbecht vun SOS Parents. Et sinn Elteren, déi no enger Trennung vun hirem Liewenspartner fäerten de Kontakt mat hire Kanner ze verléieren. Do si sëlleche büreaukratesch Hürden ze huelen, an et geet dacks net ouni Leed, besonnesch betraff si natierlech d’Kanner, déi dee Sträit vun hiren Elteren guer net verstinn. Fernand Kartheiser a Gast Gibéryen konnte net méi wéi konkret Hëllef ubidden. D’Associatioun stellt d’Rechter vum Kand an de Virdergrond a plädéiert fir eng gläich Garde fir déi zwee fréier Partner a manner komplizéiert Zoustännegkeeten bei der Justiz. E Minimum wär e Recht, seng Kanner all zweete Weekend ze gesinn, wat déi Betraffen awer och am Noutfall mat Hëllef vun der Justiz duerchsetze kéinten. Beim Gespréich derbei waren d’ADR-Vizepresidentin Michèle Retter, de Fernand Kartheiser, Frank Louis, Angie Enders an Elvis Breder vun SOS Parents, de Gast Gibéryen an den Erny Kirchen.

D’Erwuesse Bildung wollt och op sech opmierksam maachen. D’Vereenegung ass an der Weiderbildung aktiv a konzentréiert sech dobäi op Medien an op den Internet, déi si Erwuessenen an iwwert dës och Kanner wëll méi no bréngen. Hir Expertise illustréiert sech gutt am Kader vum Paräiser Attentat op „Charlie Hebdo“. Hei huet d’Erwuesse Bildung Leit a Materialien fir d’Problematik z’erklären. Sief et d’Fro vun der Satire an der Karikatur an der Press, sief et d’Fro vu Reliounen oder Extremismus, bei der Erwuesse Bildung (e schéint Wuertspill) fënnt een déi néideg Informatiounen, klassesch op Pobeier oder iwwer de Wee vum Internet. Schoulen kënne vun dësem Material profitéieren oder et vu Leit vun der Organisatioun an der Klass presentéiert kréien. Mä och Elteren kréien am Centre Convict gehollef, fir hir Kanner un d’Liesen an un d’Welt vu Medien erunzeféieren fir dass se net am Informatiounsiwwerfloss erdrénken. A Leit, déi d’Internet nach net entdeckt hunn, kënnen hei eraschnupperen. En anere Schwéierpunkt vun der Aarbecht ass d’Perséinlechkeetsentwécklung mat Informatiounen a Couren zu Reliounen, Philosophie a Meditatioun. Bei dësem Meeting waren de Gast Gibéryen an de Fernand Kartheiser mat Alain Eilert, Michèle Scholer an Dr. Wolfgang Fleckenstein vun der Erwuesse Bildung zesummen. 

Deel dëse Post: