Oppene Bréif: Politmonitor onfair opgestallt

Dir Häre Chefredakteren,

mat dësem Schreiwes referéiere mir eis op de Sondage vun der TNS Ilres vum 15. Juni iwwert d’Bekanntheet, d‘Sympathie an d’Kompetenz vun enger Rei vun ausgewielte Lëtzebuerger Politiker. Dëse Sondage gëtt ënnert dem Titel „Politmonitor“ publizéiert a kommentéiert.

Et steet enger politescher Partei net zou, iwwer Sënn an Onsënn vun esou Ëmfroen, déi am Optrag an op Käschte vun der Press gemaach ginn, ze urteelen. Dës Ëmfroe sinn a ville Länner wäit verbreet an intresséieren allgemeng och vill Leit. D’ADR wëll Iech awer an deem Kontext eng Suerg iwwer d’Methodologie vun deem Sondage matdeelen, well si déi aktuell Virgoensweis als éischter diskriminatoresch gesäit.

Mir bedaueren, datt d’CSV, d’DP, d’LSAP an déi Gréng allkéiers mat aacht Politiker an dësem Sondage vertruede sinn, wärend d’ADR, déi Lénk an d’Piraten ëmmer nëmme mat engem Politiker opgelëscht ginn. D’ADR ass der Meenung, datt et do eng méi gerecht Proportionalitéit tëscht de Parteie sollt ginn, an datt zu deem Zweck den ermëttelte Walresultater, z.B. vun deenen dräi leschte Legislativ- an Europawalen, sollt Rechnung gedroe ginn.

 

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech a verbleiwe mat frëndleche Gréiss,

ënnerschriwwe vum Fernand Kartheiser, President vum parlamentaresche Grupp ADR, a vum Parteipresident Dr. Jean Schoos

 

Oppene Bréif vum 28. Juli 2021 un d’Chefredaktere vun RTL a vum Luxemburger Wort

 

Deel dëse Post: