Oppen Terrassen: Ee klenge Schratt an déi richteg Richtung!

No den Ukënnegunge vun der Regierung iwwer d’COVID-Moossname fir déi Zäit nom 2. Abrëll widderhëlt d’ADR  hir Positioun, datt Aschränkungen an déi verfassungsméisseg garantéiert Grondrechter an dëser Situatioun net akzeptabel sinn. Si ass weiderhin der Meenung, datt d’Ausgangsspär muss opgehuewe ginn an datt de Staat sech net däerf an d’Privatliewe vun de Leit bei hinnen doheem amëschen. D’Organisatioun vum Privatliewe muss an engem demokratesche Rechtsstaat an der Eegeverantwortung vun de Leit leien.

D’ADR begréisst, datt d’Terrassen de 7. Abrëll – esou wéi et ausgesäit – rëm opginn. D’Horeca huet elo déi néideg Zäit, fir sech dorop virzebereeden. D’ADR ass an dësem Kontext och mat verschiddene Sécherheetsmoossnamen d’accord, déi agehale musse ginn, esou laang si proportionéiert, effikass an ugemiess sinn.

D’ADR bleift och hei bei hirer Positioun, datt d’HORECA sollt nees kënne ganz opmaachen, selbstverständlech mat deenen néidege Sécherheetsmoossnamen. Am aktuelle Kontext verlaangt d’ADR op d’mannst, datt och d’Restaurante vun den Hotellen nees däerfen opmaachen.

D’ADR bedauert, datt d’Regierung et alt nees verpasst huet, fir am Sport an am Kulturliewen, besonnesch och am Interessi vun der UGDA, méi Ouverturen ze maachen. Et ass fir d’ADR net ze verstoen, firwat am Sportberäich kee Public däerf zougelooss ginn, wann änlech Sécherheetsmoossname wéi am Kulturberäich agehale ginn.  

D’ADR verlaangt, datt d’Regierung endlech eng laangfristeg Strategie soll presentéieren, fir datt Betriber, Veräiner, Entrepreneuren, Sportler, Touristen, asw. hiert Liewe rëm plange kënnen… Wat d’Mënschen an der aktueller Kris am meeschte veronséchert, ass d’Tatsaach, datt se keng laangfristeg Decisioune fir hiert Liewe kënnen huelen.

 

Pressematdeelung vum 25. Mäerz 2021

 

Deel dëse Post: