Oppe Froen zur Karriär an der Police

D’Verfassungsgeriicht huet den 9.12.22 en Urteel am Kontext vun de Karriäre bei der Police getraff. De Fred Keup freet beim Minister Kox no.

Fro:

Nom Urteel vum Verfassungsgeriicht vum 9. Dezember 2022 wäert et wuel zu Ännerunge kommen, fir konform zum Urteel ze sinn.

An deem Zesummenhang wollt ech folgend Fro un den Här Minister stellen:

Wéi steet den Här Minister elo nom Urteel vum Verfassungsgeriicht zu folgende Léisungsvirschléi:

  • Déi Polizisten, déi an der B1-Karriär sinn, bleiwen och an der B1-Karriär.
  • Déi Polizisten an der Karriär C1 mat engem Diplom “Fin d’études secondaires” oder equivalent gi réckwierkend an d’B1-Karriär reklasséiert.
  • Déi Polizisten aus der Karriär C1, déi net den Diplom “Fin d’études secondaires” oder equivalent hunn, kënne wéi bis elo no enger Unzuel un Déngschtjore weiderhin an d’Karriär B1 wiesselen.

Äntwert:

Ech verweisen den honorabelen Députéieren op d’Äntwert op d’parlamentaresch Ufro n°7398 vum 20. Dezember 2022, an där präziséiert ass, dass d’Analysen iwwert den Impakt vum Urteel nach amgaangen sinn.
Et sief bemierkt, dass nach en Arrêt vun der Cour administrative an der Affaire, déi zum Urteel n°174 gefouert huet, aussteet.

 

Deel dëse Post: