Op en neits en erschreckende Fall vu Jugendgewalt!

Et ass den Albdram vu sämtlechen Elteren. E jonke Bouf vun zwielef Joer gëtt mam Virwand, datt een d’Gespréich mat him siicht an en Hannerhalt gelackelt a sou brutal zesummegeschloen, datt hie siwe Wochen net an d’Schoul ka goen. Wéi et dunn nees sou wäit war, begéint hien net nëmmen den Täter op en Neits mee gëtt och nach vun den zoustännegen Autoritéiten am Stach gelooss. D’Police erweist sech mat hirem professionellen Engagement schliisslech als leschte Rettungsanker fir de Jong. Réischt am Juli hat d’Lëtzebuerger Wort e Beriicht iwwer änlech Fäll publizéiert, zu deenen deenen déi zoustänneg Ministere bis haut all Äntwert schëlleg bleiwen. Wéini wëll d’Regierung endlech handelen!?

Dokumentatioun – Hei fannt Dir déi weider parlamentaresch Froe vun der ADR zu deem Thema, déi awer nach ëmmer net beäntwert goufen.

Deel dëse Post: