Op en Neits affrontéiert Verletzung vum Demonstratiounsrecht?

Fir Samschdes, den 30. Abrëll hate verschidde Biergerrechtsorganisatiounen ënnert dem Titel “Pour le libre choix médical” eng Manifestatioun géint de geplangten Impfzwang fir Leit vu 50 Joer un, an der Stad Lëtzebuerg ugemellt. De Cortège sollt vun der Gare bis op d’Place d’Armes zéien. E puer Deeg virdru gouf den Organisateure vun der Stad Lëtzebuerg allerdéngs ouni weider Begrënnung matgedeelt, datt si hir Demonstratioun “statesch op d’Paräisser Plaz” misste begrenzen. Eng brisant Decisioun, besonnesch virum Hannergrond, datt grad d’Leit op deene politesch onbeléiften “COVID-Maniffen” an der Vergaangenheet scho massiv gedirängelt an an hirem Grondrecht op Versammlungsfräiheet beschnidde goufen. D’ADR hëlt dëse widderhuelen Agrëff an eis Grondrechter net hin an intervenéiert souwuel beim Policeminister, wéi beim Stater Schäfferot.

Hannergrond – Hei fannt Dir en Iwwerbléck iwwert der ADR hire Kampf fir d’Meenungsfräiheet zu Lëtzebuerg

Deel dëse Post: