Op Är Stëmm kënnt et un!

Dir wëllt keen Europa, dat sech ëmmer méi breetmécht an ëmmer méi Kompetenzen un sich zitt, ouni grondsätzlech Problemer wéi d‘Aarbechtslosegkeet an déi sozial Ongerechtegkeeten ze léisen. Dir wëllt e Lëtzebuerg, dat och muer nach selwer däerf bestëmmen, wéi a wéini den Index ausbezuelt gëtt, wéi eis Sozialversécherung organiséiert gëtt, mat wéi enger economescher Grondlag mir eis Zukunft a sozial Cohesioun erhalen a wéi eng Sprooch am Land däerf geschwat ginn.

Dowéinst kënnt et den 25. Mee op Är Stëmm un: d‘ADR, an nëmmen d‘ADR, steet riicht fir manner Europa a méi Lëtzebuerg.

Déi véier Parteien, déi bis elo Lëtzebuerg am Europaparlament vertrueden hunn, wëllen de Géigendeel: méi Europa a manner Lëtzebuerg!

Ee vun de Spëtzekandidate fir d‘Presidentschaft vun der Europäescher Kommissioun hat schonns vill Responsabilitéiten an Europa. Mee obschonns e Lëtzebuerger ass, huet de Jean-Claude Juncker vill Kompromësser akzeptéiert, ënnert deenen eis national Economie gelidden huet. Ee Beispill, dat mer geschwënn all an eisem Portemonni wäerte spieren: den Ausfall vun der TVA um elektronesche Commerce, deen elo duerch eng TVA-Erhéijung fir jiddereen ausgeglach gëtt.

Déi véier Parteie steieren op e federaalt Europa – also en europäesche Staat – zou, d‘Piratepartei huet zumindest de Courage fir sech duerzou offiziell ze bekennen. D‘ADR ass géint e federaalt Europa, an deem d‘Kompetenzen an d‘Responsabilitéiten ëmmer méi wäit vum Bierger verlagert ginn. D‘ADR ass fir en Europa vun den Natiounen, mam néidege Respekt virun den eenzelne Memberstaten – och Lëtzebuerg – esou wéi et vun de Päpp vun Europa virgesi war.
Wéi virun all Europawalen an der Vergaangen-heet, esou virspriechen och dës Kéier d‘Parteien, déi um Rudder waren, erëm méi Demokratie, méi Transparenz, méi e soziaalt Europa. No de Wale ginn dës Versprieche vergiess. D‘Resultat ass bekannt: ëmmer manner Europäer gi wielen, et gëtt ëmmer méi däischter an der Donkelkammer an d‘Aarbechtslosegkeet an Europa – besonnesch de Jugendchômage – stellt d‘sozial Cohesioun um Kontinent virun eng enorm Erausfuerderung.

Net wielen oder wäiss wielen ass keng Léisung a passt deenen an de Krom, déi um Rudder sinn. Wien eppes wëllt änneren, muss anescht wielen. Wann dir wëllt, datt déi legitim Interessie vu Lëtzebuerg op der europäescher Bühn konsequent vertruede ginn, da loosst Är Stëmm net verluer goen.

Fir eng aner Sprooch fir a vu Lëtzebuerg an Europa: ADR, Lëscht 4!

Deel dëse Post: