Onzenséiert: Demokratie op Lëtzebuergesch

Scho bedenklech, wann d’Oppositioun sech vun der Regierung an der Parlamentsmajoritéit esou respektlos behandelt fillt, datt si iwwert all politesch Ënnerscheeder ewech, quasi Hand an Hand, eng Chamberssëtzung verléisst. Mee Gambia huet trotz hire knappe parlamentaresche Majoritéiten an hiren deelweis entgéintgesaten Interessegruppen a sechs Joer schonn dacks gewisen, datt ee mat 32 respektiv 31 bedéngungslose Ja-Sager am Réck keng demokratesch Récksiichten huele muss.

Net vergiess sinn all déi Aussoen ëm déi 80 Prozent Dommer am Kader vum Referendum vun 2015. Wann nëmmen 20 Prozent intelligent sinn an alles wëssen, sinn dës Auserwielte dach wuel net forcéiert, deenen aner 80 Prozent nozelauschteren? Méi schéin hätte Lenin a Stalin hiert Recht op Diktatur och net argumentéiere kënnen, a vun esou enger Minoritéit sinn de Louis XVI an d’Marie-Antoinette no der franséischer Revolutioun gekäppt ginn.

Elo ass Lëtzebuerg international awer fest agebonnen an Allianzen a Wirtschaftsbündnisser mat demokrateschem Charakter. An eise Bausseminister zéckt net, fir wéi esou en ale Schoulmeeschter, gefrot an ongefrot, Frënd a Feind Lektiounen a Saache Mënscherechter an Demokratie ze ginn. Och Länner, déi wichteg Frënn sinn, an, niewebäi gesot, Lëtzebuerg mueres op der Botterschmier kéinten eranhuelen.

Grad duerfir ass dat, wat de Premier Xavier Bettel sech mam ADR-Deputéierte Gast Gibéryen erlaabt huet, e schlëmmt Signal. Op Drock vum Här Bettel , dem Regierungschef vun enger sougenannter Demokratescher Partei, sollt de Gast Gibéryen an de Prisong gehäit ginn. Well hien als Deputéierte seng Aarbecht gemaach an d’Regierungsaarbecht kontrolléiert hat. Well hien als Deputéierten Informatiounen hat, déi de Regierungschef léiwer ënnert den Teppech gekiert hätt. Besonnesch skandaléis: Den Untersuchungsriichter huet dem Deputéierte seng Telefonsgespréicher sechs Méint laang zeréckverfollegt – onerhéiert fir eng Demokratie …

… an eng fein Iwwerleedung op dee nächste Skandal: de „Casier bis“. Well et ass unzehuelen, datt all Mënsch, dee bannent deene sechs Méint mam Gast Gibéryen telefonéiert huet, elo am „Casier bis“ op iergend engem Protokoll liewenslänglech vermierkt ass. D’Casiers-Affär wäert nach spannend ginn, well gläich zwee Ministeren do mengen, datt ee mat enger Majoritéit vun engem Sëtz an der Chamber als Minister net ëmmer muss déi ganz Wourecht soen.

Wann ee kuckt, datt beim „Casier bis“ esouwuel de Parquet wéi och d’Police (wann och mat gudden operationelle Grënn) um falsche Fouss erwëscht ginn, kann een doran och dee problemateschen Ëmgang vun de Bettel-Regierunge mat Froe vun der Gewaltentrennung erkennen. D’ADR huet net fir näischt ëmmer nees gewarnt, wa Magistraten Schlësselpositiounen an der Police oder am Geheimdéngscht iwwerholl hunn. Genee bei deem urdemokratesche Prinzip vun der Gewaltentrennung gëtt et keng Grozon. D’Regierung gëtt vun der Chamber kontrolléiert. Deputéierten, déi blannemännerches alles duerchwénken, wat vun der Regierung kënnt, maache ganz einfach hir Aarbecht net. A well eng Majoritéit vun Deputéierten esou handelt, kann et virkommen, datt déi aner d’Zesummenaarbecht einfach opkënnegen.

Spezialist am Ignoréiere vun der Gewaltentrennung ass een, dee Respektlosegkeet an de grénge Genen huet an esouguer am Armanis-Kostüm un déi éischt gréng Deputéierten erënnert, déi an der kuerzer Box hiren Eed an der Chamber geschwuer hunn. De François Bausch ass sech net ze schued fir als Minister dem Procureur ze schreiwen, wann deen „Ponts et Chaussées“ net grad mat sametten Händchen upakt. Hie réit och schonn emol Deputéierten, déi him eng parlamentaresch Fro stellen, sech virdrun ze informéieren (wéi wann eng parlamentaresch Fro eppes anescht wär, wéi de Versuch, sech ze informéieren). Et ass dëst eent vun de wichtegste Rechter vun der parlamentarescher Kontroll.

Als lescht Beispill, wéi sech Gambia wond reift un demokratesche Prinziper, huele mir nach eemol d’Fraequote.

D’Gesetz iwwert d’Parteiefinanzéierung ass eng Sail vun eisem demokratesche System. Et garantéiert d’Onofhängegkeet vun de Parteien, déi net musse bei wirtschaftlech oder aner Interessegruppe biedele goen fir Suen ze kréien … eventuell géint d’Verspriechen, Politik an deenen hirem Sënn ze maachen. An iwwert esou e feint Instrument reegelt Gambia d’Fraequot op de Wielerlëschten. Wou ass d’politesch Fräiheet vun de Parteien, wa si hir Kandidatelëschten net no beschtem Gewëssen opstelle kënnen, mee finanziell Abousse musse fäerten, wa si net esou vill weiblech (oder männlech) Kandidaten hunn, wéi et der Regierung passt. A wat ass, wann d’Regierung mat deem esou pervertéierten Drockmëttel matdecidéiere wëll, wat eng Partei an hire Walprogramm schreift?

Frësche Wand an Transparenz sinn zwee Verspriechen, un deenen de Xavier Bettel a seng Regierunge sech musse moosse loossen. Leider kënnt vun hei vill méi waarm Loft wéi frësche Wand. Déi puer Beispiller hei sinn d’Spëtzt vum Äisbierg. Ideologie, Dogmatismus a Stuerheet si keng gutt Dugende fir Politik ze maachen. Allerdéngs hunn esou Regierungen an Demokratien och ni laang Mëscht gemaach.

Fir Kommentaren, Komplimenter, Léifheeten an och  Frechheeten: roland.houtsch@adr.lu

Deel dëse Post: